Retromania
Wéi waren déi antik Olympesch Spiller?
7 min
Haut um 26. Juli fänken an der franséischer Haaptstad Paräis déi 33. Olympesch Spiller vun der Neizäit un. Paräis kann den Olympesche Spiller “Welcome Home” soen, well no 1900 an 1924 ass et schonn déi drëtte Kéier, datt Paräis déi Olympesch Spiller organiséiert. Vun haut un a bis den 11. August stinn déi franséisch Haaptstad an och aner Deeler vu Frankräich ganz am Zeeche vun de fënnef Olympesche Réng, an et kann een hinne just am Fong flott, animéiert a friddlech Spiller wënschen.
1896 gouf op Initiativ vum Baron Pierre de Coubertin déi olympesch Geschicht vun der Neizäit lancéiert, mat de Spiller zu Athen. Bis an eis Zäit eran huet d’Olympiad sech zu engem gellege Show- a Commerceevenement entwéckelt. D‘Kritiker soen, datt déi Olympesche Spiller nach just vun ëmmer méi Leeschtung, Televisiounsquoten a Skandaler dominéiert ginn. Mee am Fong war et bei den anticken Olympesche Spiller net anescht.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus