Retromania
Dat mëssgléckten Attentat op den Hitler
8 min
Den 20. Juli 1944 ass en Datum am Zweete Weltkrich vu grousser Bedeitung. Op deem Dag, virun 80 Joer, huet e Grupp ronderëm den Offizéier Claus Schenck Graf von Stauffenberg bei enger Entrevue op der Wolfschanze e Bommenattentat op den nationalsozialistesche Leader Adolf Hitler versicht. En Attentat, bei deem den Hitler awer nëmme liicht blesséiert gouf.
Nom Echec vun dëser sougenannter “Operation Walküre” goufen eng 200 Mënschen exekutéiert, ënner hinnen 19 Genereel, 26 Colonellen, Ambassadeuren, Diplomaten, Ministeren a Staatssekretären.
Op alle Fall zielt den 20. Juli 1944 zu engem vun de Grondpiliere fir d’Erënnerung un d’Resistenz géint d’Nazien.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus