Retromania
Milva: Eng staark Fra, eng grouss Stëmm
8 min
Milva, eng Fra mat rouden Hoer a mat enger markanter staarker Stëmm, déi wäit iwwer 50 Joer am Showbusiness doheem war.
An Italien, wou d’Milva och gäre La Pantera oder La Rossa genannt gouf, hat si 1961 hiren Duerchbroch um bekannte Museksfestival vu San Remo. D’Kritiker hu vun der beschter Sängerin vum Joer geschwat.
D’Milva war e Weltstar mat engem Repertoire, dee vum Schlager bis bei d’Oper gaangen ass. Gëschter (17.7.) gouf un hire 85. Anniversaire geduecht. Si ass den 23. Abrëll 2021 am Alter vun 82 Joer gestuerwen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus