Retromania
Johnny Winter: De grousse Meeschter vum Blues
6 min
Den Johnny Winter ass de 16. Juli 2014 am Alter vu 70 Joer zu Zürech gestuerwen.
Ufanks goufen et Rumeuren iwwer säin Doud, mee d’Züricher Police huet awer séier confirméiert, datt beim Bluesmuseker kee friemt Awierken als Ursaach fir säin Doud konnt festgestallt ginn.
Den Johny Winter war ee vun de grousse Bluesgittaristen aus de spéiden 1960 Joren a op dësem 10. Doudesdag erënnert de Jean Claude Majerus un de Meeschter vum Blues. Bei senge Fans bleift de Museker e Symbol vum Blues an där passionanter Zäit vun de spéiden 1960er Joren.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus