Retromania
Jean Calvin: Reformatioun a Kapitalismus
8 min
De Jean Calvin oder Johannes Calvin war en Theolog a Kierche-Reformateur mat franséischen Originnen. Hie war virun allem och de Grënner vum Calvinismus, engem theologesche Mouvement, deen op der Léier vum Calvin baséiert, e Mouvement iwwer deen d’Meenunge bei aneren Theologen deels diametral opposéiert auserneeginn.
Op där enger Säit huet de Calvin iwwer Gnod an Erléisung gepriedegt, op där anerer Säit huet hie scho bal en tyrannesche Regimm vun Dugenden opgebaut. An awer huet de Calvin deels bis haut eng grouss Bedeitung fir d’Kierch an d’Gesellschaft. Ronn 80 Millioune Mënsche gehéieren haut weltwäit zum Calvin senger reforméierter Kierch.
Dem Calvin seng Aarbechtsmoral gouf zu engem Driff fir de Kapitalismus a seng Kierchenuerdnung zu engem Virbild fir Demokratie. Dës Woch, den 10. Juli, gouf un dem Jean Calvin säi 515. Anniversaire geduecht.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus