Retromania
Lion Feuchtwanger: Luef an Hon leien dacks no beieneen
8 min
Deen däitsche Schrëftsteller Lion Feuchtwanger huet zu Liefzäite laang zu deene meescht geliesten däitschsproochegen Auteure vum 20 Joerhonnert gehéiert.
“Jud Süss” ass wuel dem Lion Feuchtwanger säi bekanntste Wierk. Et gëtt kaum en Auteur, dee mat engem Roman, op där enger Säit esou vill Luef krut, an op där anerer Säit esou vill Schan huet mussen erdroen, wéi de Feuchtwanger mat sengem “Jud Süss”.
De Lion Feuchtwanger huet duerch dëst Wierk dem historesche Roman zu engem Renouveau verhollef.
Bis zu sengem Doud huet hie gehofft a sech gewënscht, datt dëse Film nei sollt verfilmt ginn, et gouf dacks probéiert, mee ni gouf eppes dorausser. Bis dem däitsche Cineast Oskar Roehler säi Film aus dem Joer 2010, deen op d’mannst emol d’Geschicht, wéi dësen Nazifilm iwwerhaapt entstanen ass, thematiséiert huet.
E ganz erstaunleche Film mam Titel “Jud Süss - Film ohne Gewissen” mat an den Haaptrollen dem Tobias Moretti, der Martina Gedeck an dem Moritz Bleibtreu.
Vläicht war dat jo e klengen Trouscht fir den däitschen Auteur Lion Feuchtwanger, deen de 7. Juli 1884, deemno virun 140 Joer, op d’Welt koum.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus