Retromania
Jürgen Habermas: E groussen Denker vum 20. Joerhonnert
10 min
Den däitsche Philosoph a Soziolog Jürgen Habermas ass ee vun de prominentste Vertrieder vun der zweeter Generatioun vun der sougenannter Frankfurter Schule, enger vun de bedeitendste soziologesch-philosophesche Stréimunge vum 20. Joerhonnert.
De Jürgen Habermas gëllt als kriteschen Intellektuellen, dee sech mat Engagement a gesellschaftlech a politesch Debatten amëscht. Déi eng bewonneren hien, anerer awer haassen de Jürgen Habermas.
De Philosoph huet bei alle groussen theoreeteschen Debatten an Däitschland matgeschwat an huet zu gesellschaftspolitesche Kontroversen seng Meenung gesot, wéi zum Beispill beim Historikersträit, der Bioeethik, der europäescher Constitutioun oder dem Irakkrich. Zanter enger Zäitche weist hie sech awer net méi vill an der Ëffentlechkeet.
De groussen Denker vum 20. Joerhonnert krut den 18. Juni 95 Joer.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus