arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reen a Bou

Episoden

De Summer bleift

De Weekend erwaart eis op en Neits Hëtzt aus Afrika. Zu Lëtzebuerg geet et waarm virun, et ginn iwwer 30°C erreecht. Och mëttelfristeg soll et summerlech bleiwen.
headphones

6 min

play_arrow

Et baut sech op en Neits Wäermt op

Gëschter war et op eemol erëm 10 Grad méi kill wéi de Rescht vum Weekend, mee dat bleift net esou. An der Nuecht op e Sonndeg goung d’Summerwieder mat groussem Gedimmers op en Enn
headphones

6 min

play_arrow

En immens schmeiere Weekend

Virun enger Woch huet et sech nach wéi Hierscht ugefillt, dovun ass elo näischt méi ze spieren. Déi ugekënnegt héichsummerlech Loftmassen hu Lëtzebuerg an Tëschenzäit erreecht.
headphones

5 min

play_arrow

E killen a lëftege Weekend

De Weekend iwwer wäert sech eist Wieder guer net wéi Juni ufillen. Mir leie weiderhin ënner Déifdrockafloss, deen eis fir e Sonndeg esouguer richteg kill Loftmasse matbréngt.
headphones

5 min

play_arrow

Variabele Verlaf vun éischter Juni-Hallschent

D’Déifdrockgebitter an der éischter Juni-Hallschent bleiwe mol nach dominant. D’Loftmass gëtt elo zwar manner schmeier, variabel bleift et awer trotzdeem zu Lëtzebuerg.
headphones

5 min

play_arrow

Schmeier, waarme Weekend mat Donnerwiederrisiko

D’Temperature klammen, domat awer och de Risiko vun Donnerwiederen. Et gi waarm Loftmassen an eis Géigende bruecht, déi gläichzäiteg mat fiichter Loft vum Atlantik vermëscht ginn.
headphones

6 min

play_arrow

D’Thema Reen & Ausbléck op méi waarm Deeg

De Weekend iwwer huet de Reen der Natur op e Neits ënnert d’Ärem gehollef.
headphones

6 min

play_arrow

Reen-Chancen iwwert de Weekend

Laang gouf et sech gewënscht, elo ass en erëm do – de Reen!
headphones

5 min

play_arrow

Chancen op relevante Ree weiderhin net grouss

Ufanks der Woch gëtt et kuerz fréisummerlech waarm, ier et erëm méi kill gëtt.
headphones

7 min

play_arrow

Op der Sich nom Reen

D’Sonn mengt et ëmmer nach gutt mat eis zuLëtzebuerg, de Ree spillt ëmmer nach keng Roll.
headphones

6 min

play_arrow

Reendefizit ass erëm en Thema

De Ree kënnt a nächster Zäit weiderhin ze kuerz ... oder schonn erëm!
headphones

6 min

play_arrow

Chancen op Summer zäitweileg geréng

Déi éischt summerlech Phas vum Joer ass plazeweis mat Kaméidi op en Enn gaangen. Elo dauert et erëm eng Zäit, bis d’Temperaturen nees klammen.
headphones

6 min

play_arrow

Rotschléi bei Wiedergefor am Summer

Naturgewalte wéi Donnerwiederen an zolitte Staarkreen suergen all Joer fir grousse Materialschued. Mee wéi kann ee sech schützen?
headphones

7 min

play_arrow

Éischt Summerdeeg méiglech

Dat momentant Héichdrockgebitt bleift nach bis op d’mannst e Samschdeg erhalen. Et ka lokal fir déi éischt meteorologesch Summerdeeg duergoen.
headphones

5 min

play_arrow

Trend weist a Richtung Fréisummer

No enger Woch mat weidere relevanten Nidderschléi gëtt et vum Weekend u méi frëndlech: däitlech manner naass an an enger zweeter Etapp klammen och d’Temperaturen.
headphones

5 min

play_arrow

Weekend nach zäitweis naass

D’Loftmassegrenz huet eiser Natur e gutt Stéck ënner d’Äerm gegraff. Duerch eng kleng Ännerung konnt sech de Reen nach besser bei eis duerchsetzen.
headphones

6 min

play_arrow

Eng variabel Wiederwoch

E Samschdegowend huet et déi éischt Kéier zanter Laangem mol erëm gereent. No e bësse Ree de Weekend steet elo eng variabel Wiederwoch un.
headphones

7 min

play_arrow

De Ree kënnt zeréck op Lëtzebuerg

Vun e Samschdenowend un ännert sech d’Stréimungsbild: Et gëtt erëm méi variabel. Déi iewescht Schichte vun de Biedem sinn immens dréchen, mee endlech ass erëm Reen op de Wiederkaarten.
headphones

8 min

play_arrow

E bëssen Hoffnung op Reen

Egal wéi wäert et awer nach daueren. De Weekend war et jo erëm richteg sonneg, mee d’Warscheinlechkeet fir e Changement ass awer endlech um klammen.
headphones

6 min

play_arrow

E Sonndeg däitlech méi kal

Den Abrëll ass mat vill Sonn a mëllen Temperaturen ugaangen. No engem agreabele Start steet fir déi zweet Hallschent vum Weekend en temporäre Changement un. Reen erwaart eis awer ëmmer nach keen.
headphones

5 min

play_arrow