Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

Reen a Bou

search / Reen a Bou

/ Et huet nach eng Kéier e bësse geschneit

Et huet nach eng Kéier e bësse geschneit

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow

Leschte Sonndeg ware mir nach bei iwwer 20 °C, gëschter um Donneschdeg huet et erëm plazeweis geschneit. Elo steet e weidere Changement un.

Episoden

E spekulativen Ausbléck

De Weekend sinn eng Kal- an eng Waarmfront iwwer eis ewechgezunn. Hir Nidderschléi hu sech awer kuerz virum Land opgeléist.
headphones

8 min

play_arrow

Wieder fir eng partiell Sonnendäischtert

De Weekend iwwer gëtt et zäitweis e bëssen naass, mee d’Reequantitéiten hale sech a Grenzen. Interessant gëtt et, well eng partiell Sonnendäischtert usteet.
headphones

6 min

play_arrow

Reen nach ëmmer kee grousst Theema

Iwwerdeems mir et ëmmer nach mat mëllen Temperaturen ze dinn hunn, reent et net genuch. D’Schaueren aus de leschten Deeg hunn net vill zur Reequantitéit bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Wäermsten Dag vum Joer bis ewell

Den Dag vun haut (21.3.) gëtt dee bis ewell wäermste vun dësem Joer. Déi ugekënnegt mëll Stréimung aus dem déiwe Süde suergt fir iwwerduerchschnëttlech Temperaturen.
headphones

8 min

play_arrow

Nees Fréijoerswieder ënnerwee

No nach e puer killen Nuechten a Moienter geet et elo erëm biergop. D’Konstellatioun vun der Grousswiederlag erméiglecht eis geschwënn erëm mëll Fréijoerstemperaturen.
headphones

5 min

play_arrow

Et huet nach eng Kéier e bësse geschneit

Leschte Sonndeg ware mir nach bei iwwer 20 °C, gëschter um Donneschdeg huet et erëm plazeweis geschneit. Elo steet e weidere Changement un.
headphones

6 min

play_arrow

Eng méi onbestänneg Zäit

Deen annocéierte Changement trëfft lues an. Den Héichdrockafloss aus de leschte Woche gëtt verdrängt, an et mësche sech erëm Déifdrockgebitter an eist Wiedergeschéien an.
headphones

6 min

play_arrow

Dat gutt Wieder genéissen

Nach läit dat Héichdrockgebitt iwwer eis, mee dat wäert net esou bleiwen. Deemno sollt een d’Sonnestralen nach genéissen. Et ass nämlech e Changement ënnerwee.
headphones

8 min

play_arrow

Héichdrockafloss vum Weekend bleift

Mir ginn nach e puer Deeg laang vu rouegem Wieder verwinnt. Et gëllt dat gutt Wieder ze genéissen, well sech um Horizont lues a lues e Changement bemierkbar mécht.
headphones

7 min

play_arrow

Héichdrockwieder setzt sech duerch

Héichdrockwieder setzt sech duerch Haut ass et nach deels onbestänneg, mee spéitstens de Weekend wäert sech Héichdrockafloss duerchsetzen. Dem aktuelle Stand no soll dësen och nach bis op d’mannst Mëtt nächster Woch bleiwen.
headphones

5 min

play_arrow

Eng zweegedeelte Woch

No engem méi frëndleche Sonndeg starte mir mat déiwem Loftdrock an déi nei Wiederwoch eran.
headphones

5 min

play_arrow

Atlantik geschwënn an der Haaptroll

An Tëschenzäit sinn déi ugekënnegt mëll Loftmassen do. D’Temperaturen hunn an dëser Woch e grousse Spagat higeluecht. Elo freet ee sech, ob de Wanter iwwerhaapt nach eng Chance huet.
headphones

6 min

play_arrow

Geschwënn däitlech méi mëll

Nach haut a muer hu mir et mat méi kille Loftmassen ze dinn. Vun e Mëttwoch un dréit eis Stréimung lues awer sécher op Südwest, wouduerch et esouguer liicht Fréijoers-méisseg kéint ginn.
headphones

7 min

play_arrow

Weekend deels knackeg kill

Mir leien um Rand vun engem Arctic Outbreak. Iwwer dem Oste vum Kontinent mécht sech eng markant Keeltwell breet, déi bei eis awer just liicht ze spieren ass.
headphones

6 min

play_arrow

Klengt Déif, grouss Wierkung

D’Hin an Hiersprange vun engem klengen Déif zanter geschwënn enger Woch maachen d’Prognose weiderhi schwéier - och dës Woch wäert dëst Déif eis weider beaflossen.
headphones

5 min

play_arrow

Kuerz a lokal 10 °C net ausgeschloss

Zanter e Mëttwoch ass liichten Déifdrockafloss am Spill. Dat ännert sech och de Weekend iwwer nach net.
headphones

6 min

play_arrow

E liichte Changement deit sech un

An de leschten Deeg konnt d’Sonn sech gutt géint den Niwwel duerchsetzen an huet eis verwinnt. Dat heescht awer net, datt et nach laang esou virugeet.
headphones

6 min

play_arrow

Et gëtt endlech manner naass

Am Joer 2024 goufen u verschiddene Wiederstatioune scho Ree-Rekorder fir de Mount Januar geknackt. Eng Besserung ass elo awer a Siicht.
headphones

6 min

play_arrow

En Orkandéif beaflosst eis

Nom Orkan EOWYN suergt elo e weidere Stuerm Opmierksamkeet, deels och bei eis.
headphones

6 min

play_arrow

Immens zolitte Stuerm iwwer Groussbritannien

An Irland ass ee vun de stäerkste Stierm aus de leschte Joerzéngten aktiv.
headphones

10 min

play_arrow