Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Reen a Bou

100komma7.lu / Reen a Bou

/ Weekend deels knackeg kill

Weekend deels knackeg kill

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow

Mir leien um Rand vun engem Arctic Outbreak. Iwwer dem Oste vum Kontinent mécht sech eng markant Keeltwell breet, déi bei eis awer just liicht ze spieren ass.

Episoden

Iwwerschwemmungskatastroph iwwer Mëtteleuropa

Et koum leider esou, wéi et gefaart gouf. Katastrophal Onwiederen tobe sech iwwer dem zentralen Europa aus. Et handelt sech op d’mannst ëm Joerhonnertfluten.
headphones

8 min

play_arrow

Schwéier Onwiederen iwwer dem ëstleche Kontinent

Bis en Dënschdeg inclus suergt e sougenannt “Vb-Déif” fir eng zolidd Onwiederlag um Kontinent. Iwwer Deeler vun Éisträich, der Slowakei, Tschechien a Pole kënnt et zu 200 bis 400 l/m² Reen.
headphones

24 min

play_arrow

Éischte Stouss mat kale Loftmassen

D’Modeller si sech sécher: Geschwë kënne mir déi méi déck Kleeder auspaken. Et gëtt deemnächst nach e Stéck manner waarm.
headphones

6 min

play_arrow

Kënnt elo den Hierscht?

D’Temperature maachen deemnächst e markante Réckgang. Nodeems virun e puer Deeg nach méi wéi 30°C gemooss goufen, schéngt eis elo deen éischten Hauch vum Hierscht ze erwaarden.
headphones

7 min

play_arrow

Et geet méi variabel virun

Déi summerlech Temperaturen hunn eis weiderhin am Grëff, mee net méi fir laang. Schaueren an Donnerwiedere waren a leschter Zäit rar, ginn elo awer erëm méi relevant.
headphones

6 min

play_arrow

Dat gutt Wieder kënnt un d’Wackelen

Mir hunn et mat engem waarme Schluss vum meteorologesche Summer ze dinn. An de leschten Deeg goufe mir vu vill Sonn, e puer vereenzelte Wolleken an héijen Temperature verwinnt.
headphones

6 min

play_arrow

Héichdrockwieder a bis zu 30°C

Nodeems et gutt geknuppt huet, geet et elo mam Spéitsummer virun. Weiderhin ass näischt vun Hierscht an eise Wiederkaarten ze gesinn. Bis e Freideg mécht sech och de Ree rar.
headphones

5 min

play_arrow

D’Wieder fir den éischte Fouer-Weekend

De meteorologesche Summer dauert just nach e puer Deeg. Mee wat bedeit dat wierklech?
headphones

5 min

play_arrow

D’Aussiichte fir heiheem a fir d‘Mëttelmier

Heiheem hu mir e rouege, mee plazeweis naasse Weekend hanner eis. Bessert d’Wieder ass awer ënnerwee, woubäi dat net op de ganze Kontinent zoutrëfft.
headphones

6 min

play_arrow

Temperaturréckgang no der Hëtzt

Déi bis ewell wäermste Phas vum Joer hu mir hanner eis. An elo?
headphones

8 min

play_arrow

Dee bis ewell wäermsten Dag vum Joer

De Weekend hu mir et scho gemierkt: E puer Deeg Héichsummer maache sech breet. Déi héichsummerlech Temperaturen erreechen haut um Méindeg hire Maximum.
headphones

7 min

play_arrow

Kuerzen Hëtzt-Peak mat bis zu 35°C

Déi ugeschwat Hëtzt-Blos ass tatsächlech ënnerwee op Lëtzebuerg. An den nächsten Deeg gëtt et méi waarm. Fir e Méindeg kënnegt sech dee bis ewell wäermsten Dag vum Joer un.
headphones

6 min

play_arrow

Et geet summerlech a just zäitweis naass virun

Déi nei Wiederwoch verleeft mat duerchschnëttlechem Summerwieder. Et erwaarden eis just zäitweis liicht Nidderschléi, soss ass et meeschtens summerlech bis héichsummerlech.
headphones

5 min

play_arrow

Juli-Bilan an Aussiichte fir dee weidere Summer

Deen zweete Mount vum meteorologesche Summer ass eriwwer. Mir zéien de Bilan a kucken op weider Aussiichte bis an den August eran.
headphones

7 min

play_arrow

Mëttelmier-Hëtzt op Lëtzebuerg ënnerwee

D’Temperature maache vun haut un e Ruck no uewen. En Héich, dat iwwer groussen Deeler vum Kontinent läit, dréit héichsummerlech Loft aus dem Mëttelmierraum op Lëtzebuerg.
headphones

5 min

play_arrow

No variabelem Weekend nees méi waarm

Mir erliewen an Tëschenzäit jo erëm méi stabilt Wieder, mat enger kuerzer Ënnerbriechung bis e Samschdeg. Do kënnt et nämlech zu Schauerwieder.
headphones

6 min

play_arrow

De Reen hält sech a Grenzen

Wann et esou virugeet, da stellt sech déi zweet Julihallschent als eng richteg summerlech Phas eraus. De Weekend iwwer hu mir en héichsummerleche Peak erreecht.
headphones

5 min

play_arrow

Wéi gëtt d’Temperatur richteg gemooss?

An dësen Deeg kuckt ee méi dacks op den Thermometer: Et gëtt héichsummerlech. Mee wéi weess een, ob de gemoossene Wäert iwwerhaapt stëmmt?
headphones

5 min

play_arrow

En Hauch vu Stabilitéit

Eng summerlech Woch steet un, an där et net méi grad esou variabel ass. Bis op e puer eenzel Ausnanem erwaart eis eng méi dréche Woch, mat summerlechen Temperaturen.
headphones

5 min

play_arrow

Hëtztwell iwwer Südeuropa, a bei eis?

Déi summerlech Temperature konnte sech emol bëssen halen. Am Mëttelmierraum steet eng richteg Hëtztwell un. Kéinte mir och eppes dovu matkréien?
headphones

7 min

play_arrow