1. Den Iran trotzt den USA an dreet, datt bis op Weideres keng Drëps Pëtrol méi aus dem Noen Oste géif erauskommen. Déi international Energie-Agence huet fir haut nach eng extraordinär Sëtzung aberuff fir iwwer de méiglechen Asaz vu Pëtrolsreserven ze schwätzen
2. Virfall am Prisong zu Giwenech: e Prisonéier huet bei engem Fluchtversuch mat engem Stéck Holz op ee Giischtje geheit a liicht blesséiert
3. Beim Ofwaasser-Syndicat SIDEN steet e Mataarbechter am Verdacht 73.000 Euro verontreit ze hunn
4. D‘Handwierkerfederatioun ass strikt géint eng Hausse vum soziale Mindestloun a souguer fir ee komplett Ofschafe vum qualifizéierte Mindestloun