1. D’Lëtzebuerger Arméi géif sech drop virbereede fir och am Eeschtfall asazbereet ze sinn. Dat sot den Arméischef, de Generol Steve Thull, de Moien als Invité vum Dag op eiser Antenn
2. Trotz dem Stuermdéif Goretti ass et zu Lëtzebuerg bis elo wiedertechnesch relativ roueg bliwwen. Wat de Wand ugeet wier dat Schlëmmst och schonn iwwerstanen, heescht et op Nofro hi vu Meteolux
3. Am Iran halen d‘Demonstratioune géint de Regimm net op, deen ieweschte reliéise Leader Ayatollah Khamenei huet an enger Ried erkläert de Regimm géif dësen Terroristen net noginn
4. Den amerikanesche President Donald Trump huet eng zweet Ugrëffswell op Venezuela kuerzfristeg gestoppt, dat well d‘Autoritéiten erkläert hunn ze kollaboréieren