1. De Premier Luc Frieden huet sech an enger Ried fir d‘neit Joer ënnert anerem fir ee „staarke Sozialstaat“ ausgeschwat.
2. Wéi sinn hei am Land d'Reegele fir Freedefeier op Sylvester? Schonn zënter Jore verbidde vill Gemenge Freedefeier – anerer gi Recommandatioun, fir e Verzicht op Freedefeier eraus.
3. No Australien plangt elo och Frankräich ee social-media-Verbuet fir Jonker.
4. Israel wéilt 37 internationalen Hëllefsorganisatiounen den Accès zum Gazasträif verbidden.