1. Caritas Spezialkommissioun: Kooperatiounsminister Xavier Bettel wier net proaktiv gewiescht, fir international Caritas-Aktivitéiten ze retten, sou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard
2. Krisegestioun: Lëtzebuerg féiert neie Mesuren an fir besser op Iwwerschwemmungen, Stierm an aner Krise kënnen ze reagéieren
3. Donald Trump: Russland an d‘Ukrain géifen direkt mat Verhandlungen ufänken, sou den US President no engem Telefonsgespréich mam Wladimir Putin
4. Gazasträif: Frankräich, Groussbritannien a Kanada stellen sech géint dem Benjamin Netanjahu säi Plang, fir déi ganz Gazasträif ze besetzen
5. EU Conseil: Verdeedegungs- an Ausseminister diskutéieren zu Bréissel ënner anerem iwwert den Ukrain Krich an d‘Gazasträif