1. Lëtzebuerg setzt seng Militärausgaben op 2 Prozent vum RNB erop, déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes huet elo déi geplangten Hausse an Zuelen ausgedréckt.
2. Einfach-Séier-Erneierbar: D’Wirtschafts an d’Ëmweltministeren hu gëschter 51 Moossname presentéiert déi et wäerten erméiglechen d’Produktiounsanlage vun erneierbaren Energië méi séier z’installéieren.
3. Déi jonk Gréng kritiséieren d‘Annoncen a punkto Pensiounsreform vum Premier Luc Frieden.
4. Et ass onkloer op a wéini déi direkt Gespréicher iwwert eng Wafferou an der Ukrain eng Suite kréien.
5. An der Gazasträif huet déi israeelesch Arméi eng nei Groussoffensiv lancéiert.