1. De Premier huet an der Chamber Detailer iwwert d‘Ëmsetzung vun der geplangter Pensiounsreform genannt.
2. Den Energie-Konzern Encevo zitt ee positive Bilan vun zejoert.
3. Nei Entwécklung an der MUDAM-Affär: D’Deputéiert kënnen elo – am huis clos - Accès op den Dossier kréien, mat deem de fréiere President vum MUDAM-Verwaltungsrot Patrick Majerus am Juli zejoert op Probleemer am Musée higewisen hat.
4. Defaite fir den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser: Déi zoustänneg Kommissioun ass zur Konklusioun komm, datt am Europaparlament Lëtzebuergesch ze schwätzen net konform mam EU-Recht ass.