1. Paräis: Rassemblement National huet de Mëtteg um 15:00 zu engem grousse Rassemblement opgeruff, fir géint d‘Verurteelung vun der Marine Le Pen ze protestéieren
2. USA: Zu Washington a villen anere Stied ware grouss Protester géint de President Donald Trump a säi Beroder Elon Musk
3. Gaza: Israeelesch Arméi gëtt Feeler zou bei Attack op Rettungsconvoi bei där 15 Mataarbechter ëm d‘Liewe koumen
4. Ukrain: Kiew mellt weider russesch Rakéitenattacken, och op déi ukrainesch Haaptstad
5. Formel 1: Max Verstappen (Red Bull) wënnt Grousse Präis vu Japan, virun de McLaren Pilote Lando Norris an Oscar Piastri