1. Iwwermuer geet op der Diddelenger Autobunn dat éischt neit Deelstéck fir de Verkéier op, a Richtung Stad; déi aner Direktioun kënnt dann d’Woch drop drun. Ë. a. ginn eng Bus- an eng Covoituragespuer ageféiert
2. Aus dem LTPS gëtt d‘Ecole nationale de la santé: Si gëtt haut zu Stroossen ageweit. De Besoin u Leit a Gesondheetsberuffer ass grouss, mee et kommen net genuch Diploméierter aus der Schoul eraus
3. An Däitschland ass de Wee fir de milliardeschwéiere Finanzpak vun Unioun an SPD definitiv fräi. 3 Deeg nom Bundestag huet de Moien och de Bundesrat, d’Vertriedung vun de Bundeslänner, gréng Luucht dofir ginn