1. Waffepaus gebrach: Israel huet d‘Gazasträif hënt massiv bombardéiert, iwwer 400 Mënsche wieren ëm d‘Liewe komm, mellen déi palestinensesch Autoritéiten
2. Gespaant gëtt op d‘Telefonsgespréich tëscht Trump a Putin de Mëtteg gewaart, bei deem eng Friddensléisung fir d‘Ukrain am Mëttelpunkt wäert stoen
3. An Däitschland stëmmt de Bundestag haut iwwert de milliardeschwéiere Scholdeprogramm vun Unioun, SPD a Gréngen of
4. Ilres-Sondage: Zënter dem neie Cannabis-Gesetz vum Juli 2023, ass de Konsum net weider an d‘Luucht gaangen
5. Zu Lëtzebuerg ginn et net genuch Donnéeën iwwer PFAS-Chemikalien, mee et sinn der och hei am Land am Emlaf