Panorama
Owespanorama
11 min
1. Kee konkret Resultat no der Entrevue de Mëtteg tëscht dem Premier Luc Frieden, de Gewerkschaften an dem Patronat.
2. D‘Maul a Klauenseuche ass fir den Ament hei am Land net nogewise ginn - d‘ALVA lancéiert awer een dréngenden Appell un d‘Déierebesëtzer wéinst dem Ausbroch vun der Krankheet an Däitschland.
3. Ee vun de 5 Muppen, déi leschte Summer an enger Déierepensioun zu Käerjeng gestuerwe sinn, ass un enger Vergëftung gestuerwen, mellt de Parquet.
4. A Frankräich soll déi ëmstridde Pensiounsreform erëm mat de Sozialpartner op de Leescht geholl ginn. Dat huet de franséische Premier François Bayrou a senger éischter Regierungsdeklaratioun ugekënnegt.
Presentéiert vum
- Françoise Keller