De Sonndeg de Moien (01.03.) ass um 11 Auer e Concert am Cercle Cité, op deem ausschliisslech Musek vum Pierre Nimax senior, mat Fokus op Gesang a Sträicher, opgeféiert gëtt. Professeren a Schüler:innen aus dem Stater Conservatoire trieden am Cercle Cité ënner der Leedung vum Pierre Nimax junior op.
Déi meescht Wierker sinn aus der spéider Schafensperiod. Eng Kompositioun, déi deen 2021 verstuerwene Komponist viru ronn 7 Joer geschriwwen huet, erlieft dobäi hir Première.