arrow_back_ios

One World

Radioprogramm / One World

/ Womad Festival 2026

Womad Festival 2026

De Barrington Levy hat sech an den 80er Jore schnell en Numm gemaach mat senger schéiner Stëmm. Haut zielt en zu den "Eeleren" vum Genre.


D'Garifuna ass eng Communautéit aus Zentral-Amerika. The Garifuna Collective zielen zu de prominente Vertrieder, irresistibel!


Haut entdecke mer d'One-Woman "Band" Ganna, si revisitéiert den ukrainesche Folk mat Loops ... Top!


Frankräich steet dëse Mount Mee ganz am Zeeche vum Gedenken un d'Ofschafung vum Mënschenhandel an der Sklaverei,  Ladja hu mam Titel "Dialo" eng imaginär Conversatioun tëscht engem Eeleren (fréiere Sklav) an engem Jonke verëffentlecht ...


Afro-Fusioun aus Südafrika ass dëst Joer present um Womad mat der Formatioun Freshlyground, eng Decouverte fir déi, déi des aussergewéinlech Formatioun nach net kennen.


De Kollektiv Benin International Musical (BIM) erzielt d'Geschicht vum afrikanesche Kontinent a beliicht och d'Voodoo Kultur, déi zware schlechte Ruff huet, am Kär awer positiv wier.


Zwou fantastesch Fraestëmme sinn déi vun der katalanesch-kubanescher Singer-Songwriterin Clara Serra Lopez an déi vun der Ganavya, déi hiert klassescht indescht musikalescht Ierwen an hirer Musek zäitgenëssesch zum Ausdrock bréngt.


Playlist:

01. Barrington Levy - Here I come

02. The Garifuna Collective - Watina

03. The Garifuna Collective - Mérua

04. Ganna - Mermaids

05. Ladja - Dialo - Krishman Remix

06. Freshlyground Nomvula

07. Dudù Kouate - Tshepo I

08. Dudù Kouate - Africation

09. Benin International Musical - Destiny

10. Clara Serra Lopez - Worthy

11. Clara Serra Lopez - No Lo Busco

12. Ganavya - Land

13. Ganavya - Not A Burdon

14. Cure For Paranoia - CPT

Episoden

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow