I Marc 4 ass eng Band, déi op d’mannst grad esou cool a legendär ass wéi d’Rayban-Brëller. Mir entdecken exquisiten Jazz, Pop, funky, loungy Style vun de 4 Italieener.
Aus dem Sudan hei den Debut-Album vun der Sulaf. Sängerin, Oud-Spillerin a Komponistin. "ABA" ass dësen Debut iwwerschriwwen, Disk deen an der Zesummenaarbecht mam franséische Produzent Maxime Kosinetz (Imarhan, Tinariwen) entstanen ass.
Mashrou’ Leila och als Mashrou3 bekannt, wat iwwersat esouvill heescht wéi "Projet vun enger Nuecht", war eng 4-käppeg Indie-Rock Band aus dem Libanon.
Omar Pene & Super Diamono, virdrun als Super Diamono bekannt, war eng Band vun Dakkar, déi an de Mëtt 70er gegrënnt gouf, eng Referenz an der Westafrikanescher Musek.
"Black Stacey", an dësem Lidd verschafft de Saul Williams autobiografesch rassistesch Erfarungen a seng massiv Onsécherheet wéinst senger donkeler Hautfaarf.
Finian Paul Greenall, kuerz Fink, ass en englesche Singer-Songwriter, DJ a Produzent vu Bristol. Deen neien Album "The City Is Coming To Erase It All" gëtt fir de 5. Juni ugekënnegt.
Playlist:
01. I Marc 4 - Ray Ban - G.L.P. 1005
02. Sulaf - Naada - ABA
03. Soap Kills - Herzan - Golden Beirut
04. Mashrou' - Fasateen - Mashrou' Leila
05. Blitz The Ambassador - The Arrival - Afropolitan Dreams
06. Chinese Man - Scatter (There They Go) [feat. Ex-I] - The Groove Sessions, Vol. 3
07. Akua Naru - Walking the Block - The Live & Aflame Sessions
08. Omar Pene & Super Diamono - Diaraf - Africa Grooves
09. Keziah Jones - Hypothetical - Captain Rugged
10. Saul Williams - Black Stacey - Saul Williams
11. Tom Urleena - Color My Pants - Presents La Maison La Rue
12. Fink - Q & A - Sort of Revolution
13. Wild Belle - It’s Too Late - It’s Too Late - EP
14. C2C - F·U·Y·A - Down the Road - EP