Radioen

On air

Sot Emol  |  Steve Gunn - Other You

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Musek a Kultur / One World

/ Musek an Aktivismus

Musek an Aktivismus

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Beim Blues geet et ëm Gefiller an do ass déi ganz Pallett ze fannen, vum sakrale bis zum profanen Ausdrock. Hei héiere mir rockeg Zäitgenossen, e Blues-Mann aus dem Mississippi an eng eegesënneg Blues-Fra.
Den John Trudell war en native american Auteur, Poet, Museker a politeschen Aktivist, dee sech fir d’Rechter vun den nordamerikaneschen Indianer agesat huet. Wéi am Kader vun enger Protestaktioun zu Washington DC den amerikanesche Fändel verbrannt gouf, stoung keng 24 Stonnen duerno am Nevada säin Haus a Brand.
De Saxofonist, Flüttist a Produzent Etienne de la Sayette weess sech gutt ze ëmginn, hei ass hien derbäi zesumme mat de Renegades of Jazz.
De Bassekou Kouyate ass e Meeschter op der westafrikanescher Laute N’Goni. Op sengem Album “Jama Ko” ass en a Begleedung vu renomméierte Gaaschtinvitéen ze héieren.
Weider ass en Ex-Member vun der Steve Miller Band dës Kéier bei One World derbäi an e Veteran aus der Underground Musekszeen vun Edinburgh.

Playlist:
1. Jean-Jacques Milteau - Jack the Man (feat. Demi Evans) - Fragile
2. The Black Keys - Good Love (feat. Billy F Gibbons) - Dropout Boogie
3. Fenton Robinson - The Getaway - Somebody Loan Me a Dime
4. Sarah McCoy - Devil’s Prospects - Blood Siren
5. Shadows on the Hill - Troy Cassar-Daley - Greatest Hits
6. John Trudell & Kwest - So so Sweet - Through the Dust
7. John Trudell - Johnny Damas and Me - Johnny Damas and Me
8. Bombino - Ayes Sachen -Sahel
9. Manu Chao - São Paulo Motoboy - Viva Tu
10. Etienne de la Sayette & Renegades of Jazz - Jajinmori Renegades of Jazz Remix (Remix)
11. Bassekou Kouyate & Ngoni Ba - Poye 2 (feat. Taj Mahal) - Jama Ko
12. Joseph Malik - Cry When I'm on My Own - Diverse, Pt. 3
13. Ben Sidran - The Blues Is the Bottom Line - Who’s the Old Guy Now
14. Oan Kim - The Interzone - Oan Kim & the Dirty Jazz

Episoden

Fuzzy

En $10 Cowboy, déi éischt Schrëtt vu Museker, déi spéider weltbekannt goufen an nach e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes vum 4.-8. Dezember.
headphones

57 min

play_arrow

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit
headphones

61 min

play_arrow

Got Soul

Nei Verëffentlechungen aus dem Beräich vun der Soul, dem Singer-Songwriting an e puer Decouverte
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales 2024

Nieft Neiverëffentlechungen kritt Dir dës Kéier e Virgeschmaach op d’Transmusicales vu Rennes, e Festival, deen erfollegräichen internationalen Artisten eng Bün bitt.
headphones

56 min

play_arrow

$10 Cowboy

OneWorld, eng Rees duerch d’Zäit an d’Stiler mat dës Kéier enger rarer Pärel aus dem Joer 1972, engem Stopp a Brasilien an engem neien Disk aus dem Beräich Country-Blues
headphones

56 min

play_arrow

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent deen op de Sound aus den Tropen steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow