One World
Summer 24
56 min
D’ Gittaristin Gwenifer Raymond huet mat 8 Joer ugefaang d’Gittar ze spillen a no hirer Punk Phas huet si sech op den ‘american primitive Fingerstyle’ spezialiséiert.
E ganz atypesche Reggae deen an der Mëtt vun den 90er eraus komm ass, héiere mer um Bim Sherman sengem Album ‘Miracle’. Straicher an indesch Influenzen ginn et an dësem spirituelle Reggae, deen sech ronderëm d’Léift artikuléiert.
De Manu Chao kënnegt no laanger laanger Zäit en neien Album un, deen den 20. September eraus komme soll. ‘Viva Tu’ iwwerschriwwen, ass et en Disk, inspiréiert vum Artist senge Reesen a Geschichten aus de Mënschen hirem Alldag. Eng zweet Single ass elo disponibel, “São Paulo Motoboy”
Di andalusesch Sängerin Rocío Márquez héiere mer zesumme mam Produzent BRONQUIO um neien Album ‘Tercer Cielo’. Den Disk deen op de leschten Transmusicales virgestallt gouf huet fir d’éischt emol fir Iwwerraschung gesuergt.
De Vibraphonist Roy Ayers ass warscheinlech ee vun de meescht gesampelten Artisten. Zanter de 70er Jore beaflosst hien Artiste vun alle Bord’en a mëscht et och nach haut wéi et den Album Jazz Is Dead, Volume 2 et verdäitlecht!
Playlëscht:
1. Bill Callahan & Bonnie "Prince" Billy - Od'd in Denver (feat. Matt Sweeney) - Od’d in Denver (feat. Matt Sweeney)
2. Gwenifer Raymond - Hell for Certain - Strange Lights Over Garth Mountain
3. Albi & The Wolves - Closing Time - This Is War
4. Liniker e os Caramelows - Ralador de Pia (feat. Tulipa Ruiz & Raquel Virgínia) - Remonta
5. Skinshape - Sua Alma (feat. Dalma) - Umoja
6. Flavia Coelho - Cidade Perdida - Dna
7. Bauchklang - Toil In Your Field - Signs
8. Baaba Maal - Yerimayo Celebration - Being
9. Kula Shaker - Dr. Kitt
10. Bim Sherman - My Woman - Miracle
11. Manu Chao - São Paulo Motoboy- Single
12. Rocío Márquez & BRONQUIO - Un Ala Rota (Garrotín) . Tercer Cielo
13. Roy Ayers, Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge - Hey Lover - Jazz Is Dead 002
14. Ian Isiah - N.U.T.S - N.U.T.S - Single