Datt de Kassandra-Mythos, wéi de Jean Portante en Iech, déi leschte Kéier, erzielt huet, am Laf vun der Zäit net un Aktualitéit verluer huet, dovu sinn Dosende vu Schrëftsteller an Dichter Zeien, déi, an der Antik ugefaangen, a bis haut nach, en an hire Wierker iwwerholl hunn.
Wéi si d’Kassandra-Thematik verschafft hunn, ass d’Theema vun e puer Episode vu Mythologesches. Ee vun de provisoresch leschten Auteuren, bei deenen d’Kassandra virkënnt, ass den amerikanesche Romancier Paul Auster. Hien goung vun engem manner bekannte, mee wichtege, griicheschen Dichter, dem Lykophron, aus …