Een eventuelle Verkaf vu verschiddenen, bis elo onofhängegen serbesche Medien suergt den Ament fir Opreegung.
Lëtzebuerg ass doran direkt involvéiert. Dat wëll de Propriétaire vun deene Medien säi Sëtz hei am Land huet an deemno och d’Konzessiounen hei verdeelt goufen.
Een Zesummeschloss vun ONGen warnt vrun de Konsequenzen a mécht een Appell un d’Lëtzebuerger Autoritéiten, de Fall ze iwwerpréifen.
Wéi reagéieren dann d’Lëtzebuerger Autoriéiten? A wat steet um Spill fir déi concernéiert Televisiouns-Chaînen an Online-Plattformen? D’Danièle Weber huet sech domat méi genee befaasst.