De Peter Magyar, dee frësch gewielten zukünftegen ungaresche Premierminister war gëschter op zu Bréissel op Besuch - hie gouf souwuel vun der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun wéi och vum Conseilspresident Antonio Costa empfaangen.
Bei den héichrangege Gespréicher dierft et virun allem ëm eent gaange sinn: Wéi eng Konditioune mussen erfëllt ginn, fir datt déi nei ungaresch Regierung vun de ronn 16 Milliarden Euro ka profitéieren, déi Bréissel op Äis geluecht huet, well d’Regierung vum Viktor Orban géint EU-Valeure verstouss huet.
Am Europaparlament gouf et iwwerdeems zu deem Theema ënnerschiddlech Meenungen. D’Danièle Weber huet Detailer.