Um EU-Sommet huet den ungaresche Premier net noginn: D’Ukrain muss weider op hir Suen waarden, Suen déi d’EU dem Land verbindlech zougesot hat. Och Ungarn war d’accord domat am Dezember - zwee Meint drop awer huet de Viktor Orban et sech anescht iwwerluecht a säi Veto ageluecht.
Zanterhir gëtt an der EU gerätselt, wéi et dann elo virugeet - a wéi d’Ukrain awer nach un déi versprache 90 Milliarden Euro komme kann.
Um EU-Sommet gouf et dorop keng Äntwert - ausser dem widderhuelte Verspriechen, datt d’EU ee Moyen fanne wäert, déi Suen auszebezuelen.
Huet dat elo Konsequenze fir de Viktor Orban, datt hie sech net u säi Wuert gehalen huet? An wéi geet et virun fir d’Ukrain?
Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber