arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Wéi geféierlech si Meteoriten?
Virgëschter Owend ass zu Koblenz e Meteorit op den Daach vun engem Haus gefall. Mir froen den Eric Buttini vum Naturmusée, wéi dacks esou eppes geschitt, a wéi geféierlech et ass.
Groussginn tëcht der digitaler an der Offline-Welt
Wéi erliewen déi Jugendlech dës Realitéit an där si opwuessen a mat wéi engen Ängschten an Erausfuerderungen hu si ze kämpfen? Deene Froe geet de Jugendbericht no.
5. Rapatriement-Aktioun
Eng 30 Persoune konnte gëschter vun Dubai aus op Lëtzebuerg bruecht ginn. Et war déi 5. Rapatriement-Aktioun zënter dem Krich am Noen Osten.
Gutt Noriicht fir d'Gebléishal um Belval
D'ONG Europa Nostra huet d'Gebléishal op d'Lëscht vun de 7 Most Endangered Heritage Sites in Europe gesat. Firwat ass dat eng gutt Noriicht?
Krich am Iran: tëschent Suergen an Hoffnung
Israel an d’USA bombardéieren den Iran. Am Fräie Mikro vun Haut erkläert de Bob Reuter vun AHA Lëtzebuerg, firwat hien als Humanist dës Gewalt evidenterweis net guttheesche kann.
Wéi sinn d'Rapatriements-Volle vun der Luxair ofgelaf?
De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith beschreift d'Ëmstänn ënner deene seng Airline Touristen aus der Kriseregioun zeréck op Lëtzebuerg bruecht huet.
Wou kommen d'Wiederprevisiounen hier?
Mir geheien e Bléck hanner d'Kulisse vu Meteolux, dem staatleche Wiederdéngscht. Wéi verleeft en typesche Moien a wat geschitt, wann d'Wieder riskéiert méi ongemittlech ze ginn?
Eigentlech verluer, mee awer gewonnen
Mat ganz knapper Avance huet d’B90/Die Grünen d’Landtagswal a Baden-Württemberg gewonnen. Mam Spëtzekandidat Cem Özdemir kënnt d’Partei op 30,3 Prozent vun de Wielerstëmmen.
Iwwersetzung am Zäitalter vu KI
Wéi een Afloss huet Kënschtlech Intelligenz op d'Aarbecht vum Traducteur a vum Interpret? Froen un d’Selma Beganovic vum Beruffsverband ALTI
Groussherzoglech Visitt a Spuenien
De Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie waren op Invitatioun vun der spuenescher Kinnekskoppel zu Madrid op Visitt.
D'Rout Léiwinnen am Hampden Park
No der 0-5-Defaite géint Schottland en Dënschdeg heiheem, spillt d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Damme muer (7.3.) de Retourmatch am legendären Nationalstadion zu Glas
Ofwaasser: Lingetten, Iessensreschter a Co setzen de Reseau ënner Drock
De SIDEN-Ingenieur Ronny Diederich huet un enger neier Campagne matgeschafft, déi d'Zil huet, datt d'Bierger:inne verschidde Reflexer iwwerdenke fir d'Waasser méi propper ze halen.
Avortement: Ännert sech elo eppes fir polnesch Fraen?
D'Suen aus dem europäesche Sozialfong kënnen elo och genotzt ginn, fir Fraen den Accès zur Ofdreiwung ze vereinfachen. Mir erklären, wat dat fir d'Fraen a Pole bedeit.
Zënter 10 Joer gëtt mat Radare geblëtzt, mee gëtt dowéinst manner gerannt?
Mir hu bei der Police nogefrot, ob d'Fuerverhale sech duerch déi mëttlerweil 36 Radare geännert huet.
"Méi wéi frou, erëm hei ze sinn!"
De Jean-Paul Bleser war am éischte Fliger, dee Lëtzebuerger:innen, déi an der Kriseregioun am Noen Oste blockéiert waren, heem bruecht huet. Säin Temoignage direkt no der Landung.
D'Léa Linster erzielt iwwer d'Fra sinn an engem männerdominéierte Beruff
D'Léa Linster huet sech an engem männerdominéierte Beruff duerchgesat. Dat virun allem, well si vill Selbstebosstsinn matbruecht huet. Wierklech Hürden huet si awer net erlieft.
Réckrees aus dem Krichsgebitt: Betraffe Lëtzebuerger:innen erzielen
Mat zwee Fligere goufe gëschter déi éischt Lëtzebuerger:innen aus dem Noen Osten zeréck an d'Land bruecht.
D'Merowingerduerf zu Rolleng bei Miersch
2020 gouf déi eenzegaarteg Decouverte gemaach. D'Archeologen an Archeologinne vum INRA erhoffe sech nei Erkenntnisser iwwer d'Liewe vun der deemoleger Populatioun.