arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Wiederexpert mécht Frust a Roserei Loft
An engem laange Post op Facebook huet de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide virun Deeg all déi Punkten theematiséiert, déi him d'Liewe schwéier maachen.
De Ruben Querinjean gëtt Vize-Europameeschter
D'Stéphanie Empain, d'Presidentin vun der Liichtathletik-Federatioun (FLA), reagéiert op d'Sëlwermedail vum Lëtzebuerger bei der EM zu Birmingham.
Opus: 7.900 Nolauschterer all Dag
De jonke Klassiksender vum 100,7 freet sech iwwer déi éischt Audienz-Zuelen, déi erhuewe gi sinn.
No Fermeture am Juni: Fleegestatioun fir Wëlldéieren nees am Normalbetrib
Trotz der Dréchent besteet den Ament kee Risiko, datt d'Fleegestatioun fir Wëlldéieren hir Diren nees muss zou maachen. Me firwat war dat bei der éischter Canicule am Juni anescht?
Filmtipp: "Father"
Déi slowakesch Realisatrice Tereza Nwotowá huet mat "Father" e Familjendrama iwwer Schold a Responsabilitéit gedréint.
Beachvolleyball am Wanter: Eng nei Hal soll et méiglech maachen
Zu Biissen kréich de Projet lues a lues Form, mengt d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun a fréier Nationalspillerin, d'Norma Zambon
RTL.lu schaaft d'User-Commentairen of. Firwat grad elo?
Mir froen den RTL-Direkter fir Informatioun, Luc Marteling.
Liichtathletik-EM: "Ech hoffen datt déi brittesch Supporter nach opdauchen"
D'Vera Bertemes-Hoffmann trëtt e Samschdeg zu Birmingham iwwer 1.500 Meter un. Mir hu virdru mat hir geschwat.
D'Gemeng Déifferdeng setzt hiren éischte Plan Canicule ëm
Déi Orange Alerte vu MeteoLux bedeit fir d'Gemeng Déifferdeng, datt hiren éischte Plan Canicule a Kraaft trëtt. Aus der Buvette vum Sportzenter gëtt deemno ee gekillte Raum.
Firwat kommen d'Bloalgen dëst Joer esou spéit?
Mir froen den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung.
Filmbranche ënner Drock: D'Techniker hu Problemer iwwer d'Ronnen ze kommen
Mir froen de President vun der ALTA, der Associatioun vun den Techniker aus dem audiovisuelle Beräich, wéi eescht d'Situatioun mëttlerweil ass.
Nowal an England: Den Nigel Farage trëtt géint de Grof Poubelle-Gesiicht un
Eis Korrespondentin zu London erkläert, firwat dee rietse Politker bei enger Nowal untrëtt, un där nieft him just Satire-Kandidaten deelhuelen.
A Spuenie war eng komplett Sonnendäischtert ze gesinn
De Max Voncken erzielt eis, wéi hien dee ganz raren astronomesche Spektakel erlieft huet.
Sonnendäischtert: Groussen Undrang zu Ettelbréck
Déi laang erwaarte Sonnendäischtert war och vu Lëtzebuerg aus ze gesinn. Bis zu 90 Prozent vun der Sonn goufe vum Mound verdeckt. En eenzegaartegt Naturspektakel.
Clinch tëschent AMMD an CNS: Appel vun de Spidolsdokteren
An engem Bréif u Regierung, CNS an AMMD appeléiert d'Associatioun Médecins du Secteur Hospitalier un all déi Bedeelegt, nees zesummen ze fannen.
Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
D'UNEL hëllt en neien Ulaf
Déi traditiounsräich Studentenorganisatioun, ëm déi et zënter Covid roueg gi war, huet mat neie Leit en neien Ulaf geholl. De Karim Gérin vun der UNEL erkläert d'Démarche.
Schutzbrëller fir Sonnendäischtert vergraff
Kuerz virun der partieller Sonnendäischtert war et schwéier déi néideg Brëller zu Lëtzebuerg ze fannen