D’Museksredaktioun vum Radio 100,7 huet Das Radial erausgesicht, fir um Eurosonic Festival 2026 zu Groningen ze spillen. Fir dat ze feieren, invitéiere mir eng Woch virdrun op eng Soirée am Gudde Wëllen. Mat dobäi sinn och Sheebaba a Cleveland.
Den Yves Stephany erkläert dem Maurice Molitor, wéi Das Radial fir den Eurosonic selektionéiert gouf, wat dee Festival fir dem Artist seng Karriär bedeit, a firwat et sech lount den 10. Januar am Kalenner ze markéieren.