De Kardinol Jean-Claude Hollerich hat nach 10 Deeg virum Dout vum Poopst François eng Renconter mat him um Vatikan.
Hien huet sech net nëmmen enk mam Poopst verbonne gespiert, mee en huet och duerch seng Responsabilitéiten als Generalrapporter vun der Weltsynode dozou bäigedroe fir déi Diskussiounen iwwert d’Kierch ze begleeden. D’Wuert Synode kënnt iwwregens aus dem griicheschen a bedeit zesummen um Wee sinn, an also sech versammelen. Eng Reform déi den neie Poopst Leo kéint weiderféieren, eppes wat de Jean-Claude Hollerich op allefalls hofft.