arrow_back_ios

Moiesstudio

100komma7.lu / Moiesstudio

/ Der Caritas hir Scholdeproblematik am Summer 2024

Der Caritas hir Scholdeproblematik am Summer 2024

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

7 min

Nieft 30 Milliounen Euro Scholde bei de Banken, hat d'Caritas no der Finanzfraude weider 10 Millioune Scholden. Och dat stoung enger Rettung am Wee, erklären d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck. Si hunn d'Recherche fir den 100,7-Podcast iwwer d'Caritas-Affär gemaach. Déi sechst Episod aus der Serie "Carambolage" ass haut erauskomm. D'Scholdeproblematik huet "bis ewell am politeschen Debat iwwer d'Caritas komplett gefeelt", esou d'Pia Oppel. Si wier awer wichteg, wann een iwwer d'Optiounen diskutéiert, déi um Dësch louchen.

An der sechster Episod gëtt och reveléiert, datt PWC der Caritas op d'Mannst 1,2 Milliounen Euro verrechent huet fir den administrative Support zejoert nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro.

Allgemeng geet et em d'Fro, wéi d’Politik mat der Kris bei der kathoulescher Organisatioun ëmgaangen ass. An der sechster Episod si mer an der Chronologie vun der Affär am spéide Summer ukomm, wéi d'asbl Hëllef um Terrain gegrënnt gëtt. An do gëtt da séier kloer: d'Regierung léisst den Dossier lafen ouni groussen Afloss drop ze huelen, de Christian Billon sicht dann a sengem Ëmfeld no Leit déi bereet si Suen op den Dësch ze leeë fir eng nei asbl ze grënnen, an déi Leit nennen hir Associatioun léiwer net Caritas.

An der sechster Episod geet et also ëm alleguer déi Decisiounen, déi am Summer ’24 geholl ginn: notamment vun der Regierung a vum Caritas-Krisecomité. An et geet och ëm d’Kritik, déi et dann duerno un deenen Decisioune gouf – an ëm d’Fro wéi fundéiert dës Kritik ass.

Déi nei Episod kënnt Dir an der 100,7-App, op 100komma7.lu an op de Podcast-Plattforme lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Les Naufragés" | © Pierre Théobald

"Les Naufragés"

Dat ass den Titel vun engem humoristesche Buch iwwer de schwéieren Alldag vu franséische Frontalieren. En Interview mam Auteur Pierre Théobald
headphones

16 min

play_arrow
Lëtzebuerg op der Äishockey-WM | © IIHF

Lëtzebuerg op der Äishockey-WM

D'Hären-Nationalekipp ass dës Woch bei der Weltmeeschterschaft an der Divisioun 3B zu Hongkong am Asaz. Froen un den Teammanager Loïc Darras
headphones

5 min

play_arrow
Nei Kläranlag zu Monnerech: Sich no Site suergt fir Diskussiounen | © Pia Oppel

Nei Kläranlag zu Monnerech: Sich no Site suergt fir Diskussiounen

D'Sivec-Gemenge wuessen a brauchen nom Ausbau vun der Kläranlag zu Schëffleng wuel nach zousätzlech Klärcapacitéiten.
headphones

5 min

play_arrow
Speedmarathon: Andréck vun enger Vitesskontroll op der N5 bei Bartreng | © Pit Beffort

Speedmarathon: Andréck vun enger Vitesskontroll op der N5 bei Bartreng

Beim Speedmarathon huet d'Police nees vill Vitesskontrolle gemaach mam Zil d'Leit op d'Gefore vun der Vitess am Stroosseverkéier opmierksam ze maachen.
headphones

5 min

play_arrow
Hoffnung op weider Gespréicher | © Philip Crowther

Hoffnung op weider Gespréicher

Et gëtt Hoffnung, datt eng nei Ronn Gespréicher tëschent den USA an dem Iran schonn dës Woch kéint stattfannen.
headphones

6 min

play_arrow
Kapverdianesch Migratioun op Lëtzebuerg

Kapverdianesch Migratioun op Lëtzebuerg

An enger éischter Publikatioun huet deen neie Léierstull fir Geschicht a Migratiounen op der uni.lu sech mat der kapverdianescher Presenz hei am Land befaasst.
headphones

10 min

play_arrow
Ëmweltminister Wilmes: Den Dram vun enger propperer Uelzecht | © MECB

Ëmweltminister Wilmes: Den Dram vun enger propperer Uelzecht

D'Ambitioun sollt sinn, datt een nees an der Uelzecht ka schwammen, seet de Serge Wilmes.
headphones

6 min

play_arrow
11 nei Lycéeë bis 2050 | © Adobe Stock

11 nei Lycéeë bis 2050

Den Educatiounsminister Claude Meisch gëtt Erklärungen iwwer déi sëllegen Infrastrukturprojeten, mat deenen de Manktem u Schoulraum soll behuewe ginn.
headphones

10 min

play_arrow
Theater-Tipp: Ivanov | © Bohumil Kostohryz

Theater-Tipp: Ivanov

De Jeff Schinker iwwer der Myriam Müller hir Inzenéierung vum Tschechow-Stéck am Stater Theater
headphones

7 min

play_arrow
Filmtipp: "Ghost Elephants"

Filmtipp: "Ghost Elephants"

A sengem Documentaire begleet de renomméierte Cineast Werner Herzog d'Sich no enger mythescher Elefantenzort.
headphones

3 min

play_arrow
Gallo-Réimeschen Theater zu Duelem | © Sté Bisenius

Gallo-Réimeschen Theater zu Duelem

Wosst Dir, datt et zu Duelem ee réimeschen Theater aus dem Joer 10 viru Christus gëtt?
headphones

5 min

play_arrow
De Krich am Sudan geet a säi 4. Joer | © Ana Angel

De Krich am Sudan geet a säi 4. Joer

... mat katastrophale Konsequenze fir déi zivil Populatioun: 30 Millioune Leit leiden Honger. Explikatioune vum Thomas Kauffmann vun der ONG Care Lëtzebuerg
headphones

10 min

play_arrow
No de Walen an Ungarn: gëtt elo nees alles gutt? | © European Union

No de Walen an Ungarn: gëtt elo nees alles gutt?

D'CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima freet sech iwwer de Walausgang, weist awer drop hin, datt d'Orban-Vermächtnis net vun haut op muer aus der Welt ze schafen ass.
headphones

9 min

play_arrow
No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten | ©  EPA/OLIVIER MATTHYS

No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten

Zu Bréissel gëtt erliichtert op d'Victoire vum Oppositiounsleader Peter Magyar an Ungarn reagéiert. Mee wéi séier kënnen dann elo Blockagen opgehuewe ginn?
headphones

7 min

play_arrow
Wéi attraktiv ass d'Aarbechtsplaz Lëtzebuerg? | © Ilona Lablaika

Wéi attraktiv ass d'Aarbechtsplaz Lëtzebuerg?

Ëmmer manner Leit aus den Nopeschlänner kommen op Lëtzebuerg schaffen - dofir ëmmer méi Leit aus net-EU-Staaten, esou eng Etüd vum LISER.
headphones

5 min

play_arrow
Gallo-Réimeschen Theater zu Duelem | © Sté Bisenius

Gallo-Réimeschen Theater zu Duelem

Wosst Dir, datt et zu Duelem ee réimeschen Theater aus dem Joer 10 viru Christus gëtt?
Ungarn: Lëtzebuerger Deputéiert hunn d'Walen als Observateure suivéiert | © EPA/PETER LAKATOS HUNGARY OUT

Ungarn: Lëtzebuerger Deputéiert hunn d'Walen als Observateure suivéiert

Wéi huet hir Missioun genee ausgesinn? An ass alles regulär ofgelaf? Mir froen de Gilles Baum vun der DP, ee vun den 3 Lëtzebuerger Observateuren.
headphones

8 min

play_arrow
En neie Masterplang fir d'Touristeregioun Éislek | © Sté Bisenius

En neie Masterplang fir d'Touristeregioun Éislek

Wéi wëllt d'Regioun am Norde vum Land sech zukünfteg ausriichten a wat ass vun der Vakanzesaison 2026 ze erwaarden? Doriwwer schwätze mir mat der Lynn Schüssler vum ORT Éislek.
headphones

6 min

play_arrow
Wat huet déi éischt bemannte Moundmissioun zënter 50 Joer bruecht? | © picture alliance, Atlas Photo

Wat huet déi éischt bemannte Moundmissioun zënter 50 Joer bruecht?

Mir froen den Eric Buttini, Astrophysiker am Naturmusée.
headphones

7 min

play_arrow
Nei Podcast-Serie: Ass d'Uelzecht nach ze retten?

Nei Podcast-Serie: Ass d'Uelzecht nach ze retten?

Am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast, gi mir der Uelzecht op d'Spuer. Elo sinn déi éischt Episoden disponibel.
headphones

6 min

play_arrow