
arrow_back_ios
search
search
/ Moiesstudio
Episoden

Sécurité Routière: Firwat d'Assurancen net méi bezuelen
D'Sécurité routière verléiert hiren Haaptsponsor. 275.000 Euro hunn déi 4 Lëtzebuerger Autosassureure bis elo all Joer iwwerwisen. De Marc Hengen vum Assurancëverband ACA erkläert, firwat si domat ophalen.

Online-Kommunikatioun: Kënnen Emojie geféierlech sinn?
Déi Fro stelle sech vill Erwuessener, déi d'Serie "Adolescence" op Netflix gesinn hunn. Mir froe bei Bee Secure no, op wat ee soll oppassen.

Partydrog Laachgas: Muss ee sech Suerge maachen?
De Konsum vu Laachgas ass rezent och hei am Land an d’Luucht gaang. Mécht deen Trend de Gesondheets-Autoritéite Suergen? Den Olivier Michels aus der Direktioun vun der Santé erkläert.

Coursen iwwer KI: Ee Prozent vun der Populatioun soll matmaachen
D'Regierung huet sech d'Zil gesat engem Prozent vun der aktiver Populatioun eng Grondausbildung iwwer Kënschtlech Intelligenz ze ginn. Mir froen no wéi et funktionéiert.

US-Taxen: De Bléck vum Ekonomist
Awéiwäit maachen d'Taxen aus amerikanescher Siicht Sënn? A wéi geféierlech si se fir d'Weltwirtschaft? Äntwerte vum Benjamin Holcblat, Professer fir Finanzen op der Uni Lëtzebuerg

US-Douanestaxen: Wéi wäerten déi sech zu Lëtzebuerg auswierken?
Mir hunn den Wirtschaftsminister Lex Delles gefrot.

Boursse-Coursë falen: An elo?
Wéi sollen Investisseuren an där aktueller Situatioun reagéieren? Froen un de Guy Wagner, Administrateur-Directeur vun der Banque de Luxembourg

D'Zukunft vun den Dréckereien
AMIL, d'Association des Maîtres Imprimeurs du Luxembourg, gëtt et zënter wäit iwwer 100 Joer. Trotz hirer laanger Geschicht huet de Beruffsverband viru Kuerzem decidéiert sech ëmzebenennen.

D'EU-Reaktioun op US-Taxen: richteg oder ze schwaach?
D'Europäesch Unioun sëtzt op Verhandlungen, eng Géigereaktioun a Form vun Taxe wier just de Plang B. Wat hält dee fréiere Wirtschafts- an Aussenhandelsminister Franz Fayot (LSAP) dovunner?

Ëmstriddene Subsid: wéi réagéiert d'Vie naissante?
De Planning familial kritiséiert de Subsid vun der Stad Lëtzebuerg fir eng ASBL, déi géint d'Ofdreiwung ass. Froen un den André Grosbusch, President vun der Vie naissante.

Cour des Comptes kritiséiert EU-Kommissioun wéinst ontransparenter ONG-Finanzéierung
EU-Kontrakter mat ONGe wieren onduerchsiichteg, seet de Rechnungshaff a freet méi Transparenz. Falscht Verhale gouf awer weder bei der EU-Kommissioun nach bei ONGe festgestallt.

Véier Schülerinnen aus dem ECG kämpfe géint KO-Drëpsen
Si hunn eng Mini-Entreprise gegrënnt, déi soll hëllefe contaminéiert Gedrénks ze identifizéieren éier et ze spéit ass.

Abordabel Wunnengen: Wat muss geschéien, fir datt der méi gebaut ginn?
Mir froen den Direkter vun der Fondation pour l'accès au Logement, de Gilles Hempel, op dem Logementsminister seng Efforten an déi richteg Richtung ginn.

Stad Lëtzebuerg: Ëmstridde Subventioun fir Vie naissante
Mir froen d'Stater Sozialschäffe Corinne Cahen, firwat d'Stad eng Associatioun, déi géint Ofdreiwung ass, finanziell ënnerstëtzt.

Zertifikat Lëtzebuerger Orthographie
Am INLL, dem Institut National des Langues, kann ee sech seng orthographesch Kompetenzen am Lëtzebuergeschen neierdéngs zertifizéiere loossen. Explikatioune vum Directeur adjoint Luc Schmitz

Fondation IDEA huet hir Pisten fir eng Pensiounsreform presentéiert
D’Denkfabrik vun der Chambre de Commerce mécht zwar wuel detailléiert Virschléi. Mee och d’Ekonomiste vun IDEA wëlle sech net festleeën, wéi eng vun deene Pisten dann elo déi sënnvollst sinn.
