
arrow_back_ios
Radioprogramm
Radioprogramm
/ Moiesstudio
Episoden


Onerwënschte Gaascht
Amerikanesche Vizepresident JD Vance a Grönland

Bleiwen déi véier Planzen doheem ee Randphenomeen?
Mat der Cheffin vun der Lëtzebuerger Antenn vun der Europäescher Drogenagence EUDA, der Nadine Berndt, schwätze mir iwwer déi éischt Evaluatioun vum Gesetz, dat den den Ubau vu Cannabis doheem erlaabt.

Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn?
Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn? Déi Fro hu mir ronderëm de 5. Joresdag vun den éischte Covid-Infektiounen hei am Land schonn e puermol gestallt. Äntwerte vum Stefan Braum, Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg

Luxembourg Art Fair
Tëschent Konscht a Commerce: 100 Galerien aus verschiddenen europäesche Länner weisen dëse Weekend "abordabel Konscht" an der Luxexpo um Kierchbierg.

D'Logementspräisser zéien nees un
Dës Woch ass déi 70. Editioun vum Rapport "Le logement en chiffres" vum Logementsministère virgestallt ginn. Aus deem Rapport geet ervir, datt d'Aktivitéit Enn 2024 erëm zougeholl huet.

Sanktioune géint Russland ginn net opgehuewen
Dat hunn d'Leadere vun 30 europäesche Länner gëschter (27.3.) a grousser Eenegkeet zu Paräis decidéiert. Dozou en Interview mam Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
Dat bréngt den Dag
Den OGBL-Nationalkongress fänkt un, et ass den zweeten Dag vun der Staatsvisitt vum President vu Singapur an de Beetebuerger Park geet no der Wanterpaus nees op.

Moukewanderung
Wéi all Joer am Fréijoer wanderen d'Mouke grad vum Bësch a Richtung Tëmpel oder soss Gewässer fir ze läichen - an dee Wee ka fir si potentiell déidlech sinn.

Policy Lab: Méi Fakten an der Politik
De Joël Machado ass Ekonomist a schafft mat am Policy Lab vum LISER, wou politesch Projete begleet an evaluéiert ginn. Wéi leeft dat of a kënnt et dobäi och zu Konflikter?

Ukrain-Sommet
Waffepaus nëmmen am Schwaarze Mier?

Caritas-Affär: "Vläicht hätt schonn éischter missen d'Brems gezu ginn?"
D‘Caritas-Spezialkommissioun huet gëschter rapportéiert, datt et scho virum Finanzbedruch Problemer mat der Gouvernance gouf.
Dat bréngt den Dag
Den ukrainesche President Selenskyj zu Paräis, wou och de Lëtzebuerger Premier dobäi ass, zwou Chamberkommissiounen, ë. a. Agrar, wou d'Biolandwirtschaft am Mëttelpunkt steet an d'Art Fair um Kierchbierg
Spezifesche Statut fir jonk Dokteren
D'Regierung an d'Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation hunn e prinzipiellen Accord fonnt. Explikatioune vum ALMEVS-President Tom Schlüter

Et feelt u Lycéeën am Land
Et feelt u Lycéeën am Land

Méi Méiglechkeete fir Energiegenossenschaften
Ronn 12 Energiegenossenschafte ginn et aktuell hei am Land, an déi kéinten - op d’mannst an der Theorie - nach méi Energie produzéieren, späicheren a verkafe wéi bis elo, seet de Paul Zens, President vun Eurosolar Lëtzebuerg.

Caritas Jeunes et Familles wiert sech
Scho virun der Pressekonferenz, op där den OGBL si haut wéinst der Fräistellung vu 4 Delegéierte schaarf wäert attackéieren, wiert sech d'Generaldirectrice vu Caritas Jeunes et Familles.

Den europäesche Führerschäin kënnt
An der EU gouf ee sech gëschter iwwer nei Reegele fir den europäesche Führerschäin eens. Wat ännert? Doriwwer schwätze mir mat der grénger Europadeputéiert Tilly Metz, Member vun der zoustänneger Kommissioun.
