Dee fréiere Lëtzebuerger Regierungskommissär bei der SES, de Paul Zimmer, huet ee Buch iwwer de Satellittebedreiwer geschriwwen. D'Christiane Kleer schwätzt mat him iwwer d'Erausfuerderungen an Zäite vu Streaming, Trump a Musk.
arrow_back_ios
Moiesstudio
SES: steet d'Zukunft an de Stären?
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow

Paul Zimmer (Foto: Jo Diseviscourt)
mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden
Spezifesche Statut fir jonk Dokteren
D'Regierung an d'Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation hunn e prinzipiellen Accord fonnt. Explikatioune vum ALMEVS-President Tom Schlüter
Et fehlt u Lycéen am Land
Et fehlt u Lycéen am Land

Méi Méiglechkeete fir Energiegenossenschaften
Ronn 12 Energiegenossenschafte ginn et aktuell hei am Land, an déi kéinten - op d’mannst an der Theorie - nach méi Energie produzéieren, späicheren a verkafe wéi bis elo, seet de Paul Zens, President vun Eurosolar Lëtzebuerg.

Caritas Jeunes et Familles wiert sech
Scho virun der Pressekonferenz, op där den OGBL si haut wéinst der Fräistellung vu 4 Delegéierte schaarf wäert attackéieren, wiert sech d'Generaldirectrice vu Caritas Jeunes et Familles.

Den europäesche Führerschäin kënnt
An der EU gouf ee sech gëschter iwwer nei Reegele fir den europäesche Führerschäin eens. Wat ännert? Doriwwer schwätze mir mat der grénger Europadeputéiert Tilly Metz, Member vun der zoustänneger Kommissioun.

Germanwings-Crash: 10 Joer duerno
Mam Paul Reuter war ee Lëtzebuerger Pilot un den Aarbechte vun enger Task force bedeelegt, déi no der Katastroph Recommandatioune fir d'Zukunft ausgeschafft huet.
Dat bréngt den Dag
Chamberkommissioun Caritas, Bettenduerfer Gemengerot an d'Aarbechte fir déi national Gaardenexpo LUGA

D'Blamage vun 2008 ass net vergiess
D'Schwäizer Fussball-Nationalekipp vun den Häre wëllt sech den Owend (25.3.) net nees vun de Roude Léiwen erwësche loossen, wéi dat hir viru 17 Joer geschitt war.

Neie nationale LGBTQIA+ Aktiounsplang
Gläichstellungsacministère huet sech mat de concernéierten Acteure beroden.

SES: steet d'Zukunft an de Stären?
Dee fréiere Lëtzebuerger Regierungskommissär bei der SES, de Paul Zimmer, huet ee Buch iwwer de Satellittebedreiwer geschriwwen. E Gespréich iwwer d'Erausfuerderungen an Zäite vu Streaming, Trump a Musk.

D'Traditioun vu Bretzelsonndeg
Wie muss dëst Joer wiem eng Bretzel schenken? A wou kënnt dee Brauch eigentlech hier? Den Amir Grumberg vun der Confédératioun Liewensmëttelhandwierk weess Bescheed.

ABBL verlaangt reglementaresch Vereinfachung
Fir de Banken et ze erlaben, méi Kreditter ze verginn, misst dee strenge reglementaresche Kader opgeweecht ginn, verlaangt de Camille Selliès, de Generalsekretär vum Lëtzebuerger Bankeverband.

Hee.lu: déi nei Hee-Bourse vum SICONA
Eng online Hee-Bourse fir Produzenten a Konsumenten
Dat bréngt den Dag
En Informatiouns- a Mediatiounsservice fir eeler Leit, eng Foire fir Bildung iwwer nohalteg Entwécklung an de Bretzel-Cortège

Diddelenger Autobunn: Nei Spuer fir Busser a Covoiturage
D'A3 huet zënter gëschter (23.3.) eng zousätzlech Spuer a Richtung Stad.

Iwwer Äppelbrot a Kuuschten
An de 60er a 70er Joren ass den Alain Atten duerch d'Land gezunn - op der Spuer vu lokale Sproochvarianten. Elo koum deen zweeten Deel vum "Sproochatlas 1900" eraus. Wat verroden d'Opzeechnunge vun deemools?

Protester a Serbien: Wat sinn d'Hannergrënn?
Mir schwätze mam Balkan-Expert Florian Bieber.

Éischten zweesproochege Panneau op der Escher Gare
Dëst ass eng Mesure fir d’Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum méi visibel ze maachen.
Gemeng Bettenduerf: Referendum am Kontext vun enger méiglecher Nordstad-Fusioun
57,4 Prozent huet sech dofir ausgeschwat, datt de Gemengerot d’Sondéierungsgespréicher ofschléisst.
