Moiesstudio
Bis de Mäerz keen normale Schëffsverkéier
5 min
Wéi geet et weider mam Wuerentransport iwwer d’Musel, nodeems d’lescht Woch ee Schëff aus nach net gekläerten Ursaachen an d’Schleis vu Müden an Däitschland geknuppt ass? D’Struktur vun der Schleis gouf esou beschiedegt, datt se net méi ka genotzt ginn.
70 Schëffer houngen am Ganzen dowéinst fest, de Weekend gouf eng Noutléisung getest, fir déi Schëffer kënnen Nout ze schleisen. En normale Verkéier iwwer d’Musel bis bei de Rhäin ass domat awer nach ëmmer net méiglech. A wann et bis Enn Mäerz dauert fir d’Schleis ze flécken, da wier dat fir verschidde Secteure ganz schwiereg, seet de Malik Zeniti vun den europäeschen Handelskammeren.
Presentéiert vum
- Carole Schimmer