Moiesstudio
D'Videoiwwerwaachung bei der CFL
8 min
Et soll geschlof an Netflix gekuckt gi sinn - d’Tageblatt hat am Mäerz dëst Joer bericht, et géife Mëssstänn gi bei der CFL, méi genee beim sougenannte Building Management System, kuerz BMS. Déi Cellule ass ënner anerem zoustänneg fir d’Bildmaterial ze geréieren, dat vun de ronn 1.500 Iwwerwaachungskamerae kënnt. Grad dowéinst war d’Opreegung am éischte Moment grouss. En internen Audit stellt elo keng Dysfonctionnementer fest, allerdéngs sollen e puer Recommandatiounen ëmgesat ginn. Gläichzäiteg ass gëschter bekannt ginn, datt d’CFL selwer intern Konsequenze géint 3 Mataarbechter gezunn huet. Firwat war dat néideg, wann et dach keng Dysfonctionnementer gouf? Dat huet d’Christiane Kleer de Marc Wengler, Generaldirekter vun der CFL gefrot.
Presentéiert vum
- Christiane Kleer