Moiesstudio
No der Wal vum Donald Trump: Onsécherheet fir d'Ukrain-Hëllef
5 min
Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain viru bal dräi Joer huet d’EU ronn 122 Milliarden an d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain investéiert. Dovunner ongeféier d’Hallschent a Form vu finanzielle Mëttel. Och d’USA stelle vill Hëllef fir d’Ukrain, virun allem wat Waffen uginn. Mam Donald Trump als designéierte President ass awer elo onkloer, wéi et mat den amerikaneschen Hëllefe fir d’Ukrain weidergeet. Déi ukrainesch Communautéit hei am Land gesäit eng weider Presidence vum Donald Trump skeptesch. D’Sophie Schroeder mat engem Stëmmungsbild.