Moiesstudio
Thon mat Quecksëlwer belaascht
6 min
Eng Etüd vun der franséischer Organisatioun fir den Erhalt vun de Mierer, Bloom, huet Enn Oktober fir Opreegung gesuergt. Den Thon aus der Béchs - esou de Constat - ass mat Quecksëlwer belaascht. All zéngt Béchs, déi getest gouf, louch souguer iwwer dem gesetzleche Grenzwäert vun engem Milligramm Quecksëlwer pro Kilo. Bloom schwätzt vun engem Skandal vu risegem Ausmooss. Virun allem well fir den Thon aner Grenzwäerter fir Quecksëlwer gëlle wéi fir aner Zorte Fësch – nämlech vill méi héich Grenzwäerter. De Virworf un d’Politik: beim Verkaf vun Thon géif déi ëffentlech Gesondheet bewosst a Gefor bruecht ginn. Wat bedeit dat fir d’Verbraucher?