arrow_back_ios
Liewe fir de Veräin
Nico Theisen
headphones
41 min
Lauschteren
play_arrow
Wat fir Däitschland de VW Käfer war fir Frankräich d’2CV vu Citroën. Schonn an den 1930er Jore koum d‘Iddi op, een einfache, bëllegen an zouverlässegen Auto ze bauen. Wéinst dem Zweete Weltkrich koum deen entretemps Kultauto awer eréischt nom Krich eraus. A ville Länner ginn et nach haut vill Fans vum franséische Won, esou och hei am Land mam 2CV Club Lëtzebuerg, iwwer deen de President vill ze erziele weess.