"Sound of Falling" huet de Film d’Ouverture vum leschte Festival de Cannes geheescht - a keen hätt geduecht, dass den Titel eng gutt Ëmschreiwung kéint sinn vun deem, wat an de leschte Méint an der Lëtzebuerger Filmbranche gelaf ass. Virun engem Joer ass um 78. Festival de Cannes mam Jafar Panahi säin “It Was Just an Accident” eng Lëtzebuerger Koproduktioun mat der Palme d’Or ausgezeechent ginn. Ee Joer drop schéngt et der Filmindustrie zu Lëtzebuerg finanziell allerdéngs net besonnesch gutt ze goen: eng Produktiounsfirma huet Faillite gemaach an d’Studioen am Filmland maachen zou. D’Stëmmung um Lëtzebuerger Dag um Samschden op der Croisette war dowéinst och liicht méi bedréckt, wéi soss. De Jeff Schinker war fir eis op der Platz an huet sech mam Guy Daleiden, Direkter vum Film Fund, iwwert déi schwiereg Situatioun a méiglech Ausweeër ënnerhalen.
arrow_back_ios
Kultur
Sound of Falling: Vun der Palme d'Or zum Krisemanagement zu Cannes
Lauschteren
play_arrow
headphones
24 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Lëtzebuerger Fotografen haten de Sujet Tourismus scho fréi am Viséier
Tourismus-Fotoen vum Ufank vum 20. Joerhonnert bis haut
Concertsrapport: Deadletter
Gëschter hunn Deadletter op de Congés annulés an de Rotonden ee laang erwaarten, well schonn eemol verluechte, Concert gespillt.
Elise Schmit – "Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf"
"WIll schnallte seinen Rucksack etwas enger, stieg auf sein Rad und zählte rückwärts vun zehn bis eins."
La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création
An de Rotondë gi jonk Kënschtler:innen dëse Summer op d’Sich nom Common Ground.
Living by the Rule: Contemporary meets Medieval am Sainsbury Center Norwich
Gemeinsamkeeten tëschent Mëttelalter an 21. Joerhonnert
Monika Helfer: En Noruff
Déi éisträichesch Schrëftstellerin ass leschte Sonndeg onerwaart mat 78 Joer gestuerwen. Hir Familljentrilogie huet déi däitschsproocheg Géigewaartsliteratur gepräägt.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "The Christophers"
Mat sengem Fälscher-Drama geet de Steven Soderbergh dem Wiese vun der Konscht op de Fong.
De Sound als Vecteur fir kritesch Iwwerleeungen
E kënschtlereschen Iwwerbléck iwwer Stéiergeräischer
George Sand
Politesch a sozial, modern a subversiv ...
Albumrezensioun: Trophy Wife - Pathetic
Eng Indie-Plack fir de Summer
Fir den 20. Gebuertsdag ass de Mudam “on tour”
Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung an zwielef Kantoner
Wann Jazz op Sonnett trëfft
A "Sonné d'Amérique" verpaakt de Florent Toniello seng Nordamerika-Andréck a Form vu klassesche Sonetten.
Mat der Polaroidkamera KENG banal Souvenirbiller schéissen
De Paul Kirps presentéiert zu Klierf ewell seng drëtt Polaroid-Expo.
Zu Bouneweg huet d'Musek keng Summerpaus!
Museksdecouverten aus deene verschiddenste Genrë ginn et iwwer d’Hondsdeeg an de Rotonden ... de Marc Hauser an de Marc Clement zur Programmatioun vun de kommende Wochen
Liestipp: Michael Köhlmeier – Das Mädchen mit dem Fingerhut
E klenge Roman - ganz grouss
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Omaha"
Den amerikaneschen Independant-Drama thematiséiert déi grouss Problemer vu klenge Leit.
Éischt grouss Retrospektiv iwwer déi Lëtzebuerger Molerin Berthe Brincour
“Une artiste hors norme et hors temps” an eisem Nationalmusée