Muer den Owend um sechs invitéiert d’Villa Vauban, also de Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg, op eng weider Editioun vun de “Queer possibilities”: dobäi handelt et sech ëm eng Visite guidée vun der Villa hirer permanenter Expo ënner net-heteronormative Perspektiven, déi nei Iwwerleeungen zu der Diversitéit vun den Identitéiten an de mënschleche Bezéiungen erméigleche soll. Gelieften Inklusioun ass zanter gutt zéng Joer Theema an der Villa Vauban; de Sujet Queerness ass viru gutt zwee Joer opkomm. D’Villa-Ekipp wollt dozou net just eppes proposéieren, well et grad Trend ass, mee sech intensiv domat beschäftegen. Dowéinst koumen d’Philologin Sandy Artuso an d’Soziologin Enrica Pianaro vum Laboratoire d'Études Queer sur le Genre et les Féminismes fir en Etat des lieux vum Musée plus Recommandatioune fir e queere Programm an d’Spill. Iwwert hir Conclusiounen hu si mam Kerstin Thalau geschwat.
arrow_back_ios
Kultur
De Laboratoire d'Études Queer sur le Genre et les Féminismes als Musée-Bero
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Nadia Dentzer)
headphones
16 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
Film vun der Woch: "Omaha"
Den amerikaneschen Independant-Drama thematiséiert déi grouss Problemer vu klenge Leit.
Éischt grouss Retrospektiv iwwer déi Lëtzebuerger Molerin Berthe Brincour
“Une artiste hors norme et hors temps” an eisem Nationalmusée
D'Néckel Scholtus mat 41 weidere Kënschtler bei "Les (Dé)généré(e)s"
Fir den Nicolas Havette nees aktuell: "Les dégénérés" an der Konscht
Keng EU-Gelder méi fir d'Konschtbiennale zu Venedeg
D'EU schneit der wichtegster Konschtausstellung op der Welt 2 Milliounen Euro Ënnestetzung of.
Erkundung des Bösen an Im Einklang mit dem Tod vum PalmArtPress Verlag
Essays a Lyrik vum chineeseschen Auteur Yang Lian
D'Lëtzebuerger Veräinswiesen an den USA
Materiell Ënnerstëtzung a kulturell Fleeg stoungen am Mëttelpunkt vu fräiwëllegen Ënnerstëtzungsveräiner.
Kee Kabes: "La nature" de Néckel Scholtus
An hirem Fotoarchiv huet d'Néckel Scholtus de Sujet vum Inconscient entdeckt.
Srdjana Jovanovic - Überall ohne Ort
E Listipp fir de Summer
"Eng wonnerschéi Wäertschätzung"
Den Dirigent Pit Brosius iwwer d'Annonce, datt hien de Prix Arts et Lettres 2026 iwwerreecht kritt.
"Monsieur Steichen" nieft "La nature d'Edward Steichen" zu Arles
D'Lisa Oppenheim huet dem Edward Steichen seng verworfen Iddien opgegraff.
Déi kinneklech Schwane-Parad
Eng Traditioun aus dem 12. Joerhonnert: Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren.
Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert
Um Enn vum Jeff Schinker sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, schalte mir live op Avignon fir ee Bilan aus dem In an dem Off.
En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles
Nieft der Fotografie war d’Botanik dem Edward Steichen seng grouss Passioun.
Off Campus
Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit.
Figure vun der Monstruositéit 2/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
Figure vun der Monstruositéit 1/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
All is Whole
Eng Performance vun der Kënschlerin Françoise Odill