De Josh Island ass e Lëtzebuerger Singer-Songwriter, oder éischter, een europäeschen. An England gebuer, mat hollänneschen Elteren, ass seng Geschicht méi divers, och musikalesch. No villen Optrëtter ënner anerem am Grund Club, no Opening Gigs fir den James Morrison a Passenger, huet hien dëst Joer seng roueg awer iwweraus positiv gelueden Indie-Pop-Musek um Eurosonic Festival presentéiere kënnen, an dat ouni iergendengem seng Hëllef, mee mat engem ferme “Jo” vum Jury. De Concert ass mat engem Encore am Lyceeskorridor filmräif ukomm. Wéi steet et mat der Musek, déi opgeholl ass: Den Debutalbum “In My Head” war 2023 erauskomm, mee zënterhier goufen et nei Singelen, déi d’Virfreed op déi zweet Plack begleet hunn.
Där hir Release ass elo geschwënn, de 6. Mäerz kënnt “Imaginary Borders” eraus, de Release Concert ass den Dag drop owes am Rockhal Club.