Muer Freideg ass den Optakt vun der 18. Editioun vum Festival, deen de Mëttel- an Osteuropäesche Kino an doriwwer déi sëlleg Kulturen an de Vierdergrond stellt. Allerdéngs huet de Festival dëst Joer verschidde logistesch Neierungen opzeweisen. Wéinst der Renovatioun vun der Stater Cinemathéik muss de Festival säin Haaptzelt am Auditoire vum Cercle Cité opschloen.
Ënnert anerem doriwwer huet de Michel Delage mam Direkter vum CinEast Radek Lipka geschwat.