Op Initiativ vun der Ariel Wagner-Parker ginn um Lampertsbierg mat insgesamt dräi Chéier déi bekanntste Melodië vum Mikis Theodorakis opgeféiert. Dräi Chéier trieden den 11. Juni 2025 zesummen am Tramsschapp op. Dat sinn den Ambitus, d'Chorale vun der Communauté hellénique a Membere vun der Associatioun Sequenda. De Grond ass dem griichesche Komponist Mikis Theodorakis säin 100.Gebuertsdag, deen dëst Joer gefeiert gëtt. D'Ariel Wagner-Parker huet dëse Concert initiéiert. Domat schléisst si u Concerten un, déi hire Mann, de Guy Wagner (Auteur vum Buch "Mikis Theodorakis, une vie pour la Grèce" a fréieren 100,7-Mataarbechter mat enger eegener Serie iwwer de Mikis Theodorakis), zënter den 1970er Jore mat der Musek vum griichesche Komponist programméiert huet. Nieft dem Concertsprogramm huet d'Ariel Wagner-Parker dem Christophe Mirkes am Gespréich vill biographesch Detailer iwwer de Mikis Theodorakis verroden.
arrow_back_ios
Kultur
100 Joer Theodorakis am Tramsschapp
Lauschteren
play_arrow
(Foto: picture alliance / Sammlung Richter | Sammlung Richter/LB)
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Film vun der Woch: "The Bride"
Der Maggy Gyllenhaal hiren Horror-Film kombinéiert eng Uklo vun der Gewalt géint Frae mat engem Hommage un den Hollywood-Kino.
Aus de LuxFilmFest-Kompetitiounen
Déi zwee Fiktiounsfilmer "Human Resource" a "My Father's Shhadow", a vum Documentaire "My Father and Qaddafi".
Concert: Grandbrothers am Atelier
De Freideg den Owend hunn d’Grandbrothers hir Tournée zu Lëtzebuerg am Atelier ofgeschloss. De Jeff Schinker war op der Plaz.
Ee Pläidoyer fir de Journalimsus: "Big Mother" vun der Mélody Mourey
Mat der Véronique Fauconnet hirer Inzenéierung kënnt eng weider Produktioun an den TNL, déi bal cinematographesch Ambitiounen huet a sech wéi eng gutt Tëleesproduktioun kuckt.
Zum Doud vum Antonio Lobo Antunes
E Portrait vum portugisesche Schrëftsteller, deen am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass.
LuxFilmFest-Documentaire: "Seeds" vun der Brittany Shyne
Den Dokumentarfilm beliicht d'Landwirtschaft am Süde vun den USA, wou Besëtz, Aarbecht a Gediechtnes souwuel d'Iwwerliewe vun de Famille wéi och hir onsécher Zukunft prägen.
Ouverture vum LuxFilmFest
Éischt Andréck vum LuxFilmFest mat Kriticke vu "Rose" a "Seeds", beschwat vum Valerija Berdi, Michel Delage a Jeff Schinker.
A Knight of the Seven Kingdoms
Eng Serie, déi an der Welt vum Fantasy-Epos "Game of Thrones" spillt. Mir begleeden hei den Heckeritter Sir Duncan the Tall a säi Knappen Egg.
Eng Welt voller Krëppeng
Extrait aus dem leschten Episod vum B-Radio iwwer dem däitschen Essayist Gabriel Yoran säi Begrëff "Verkrempelung".
Oké - Alter Ego
Zu Lagos gebuer an zu Lëtzebuerg opgewuess, mécht den Oké Popmusek, déi aus afrikanescher Spiritualitéit, Gender-Fluiditéit a vill Liewensfreed gestréckt ass.
Fréier war méi Lametta: "Nur für Mitglieder" vum Thorsten Nagelschmidt
“Nur für Mitglieder” bréngt de Muff-Potter-Sänger ee Buch eraus tëschent soziologeschem Essai an Autofiktioun iwwer Massentourismus, d’Kultserie "Die Sopranos" an Depressioun.
Nei Placke vun Archive, Apparat an Altin Gün
Dräi nei Albumme fir op d'Oueren!
Vun IA (intelligence artificielle) zu IA (intelligence ancienne)
Elektron stelle mat Konscht, digitalen Technologien a Wëssenschaft nuancéiert gesellschaftlech Froen.
Eng BBC-Kannersendung
De Lëtzebuerger Sean McCormack huet eng Kannersendung fir BBC realiséiert.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Virschau op déi 16. Editioun vum LuxFilmFest
E Gespréich mam kënschtlereschen Direkter vum Festival Alexis Juncosa
Film vun der Woch: "The History of Sound"
Dem südafrikanesche Cineast Olivier Hermanus säin Drama handelt vu Léift, Erënnerung a populäre Gesang.
Sech un der Luucht verbrennen: "Moth" a "Connemara"
Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren "Connemara", eng däitschsproocheg Bünenadaptéierung vum Nicolas Mathieu sengem Roman an dem Edsun säi Stéck "Moth".
Laurence Brasseur: Observatoire de la Culture
Wat sinn d'Ziler, Missiounen an d'Repercussioune vum neien Observatoire fir d’Kultur?