Den Embellie-Festival am Neimënster 2. Deel:
Net nëmmen d’Performerin Clio Van Aerde, mee och de Performer Mike Bourscheid, gebiertegen Escher a Wal-Kanadier, huet sech an de leschte Jore mat de sougenannten Tâches ménagères beschäftegt. An zwar fir um Enn e Kuerzfilm ze dréien, an deem Biischten, Hoer an aner Objeten d’Haaptroll iwwerholl haten. Bei Embellie invitéiert hien op eng Lektür-Performance, eng märchenhaft hoereg Affär, wéi d’Kerstin Thalau gewuer gouf.