100komma7.lu / Kultur

/ Festival de Cannes: "Ee Rendezvous mat mir selwer": Am Gespréich mat der Vicky Krieps

Festival de Cannes: "Ee Rendezvous mat mir selwer": Am Gespréich mat der Vicky Krieps

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

11 min

D’Geschicht vum Interview ass bal esou laang, wéi den Interview selwer. Als Virbereedung op de Film Love Me Tender vun der Anna Cazenave Cambet an op den Interview mat der Vicky Krieps hat de Jeff Schinker d’Buch vun der Constance Debré, op deem de Film baséiert, aus senger Bibliothéik gekroopt a vergiess, et an d’Valise ze leeën. Zu Cannes huet en d’Buch nach eemol kaf, just fir et um Sonndeg am Kino leien ze loossen, dat, nodeems en eréischt d’Hallschent dovu gelies hat – no 22 Filmer innerhalb vu 5 Deeg een Effet vun der Middegkeet. Am Bichergeschäft zu Cannes louch et net méi, well hie sech et selwer ewech kaf hat, an zwou Librairien zu Antibes war et och net ze fannen, wouwéinst dann de béise mä effikasse Liwwerservice dee mer all kennen huet missen dru gleewen. Den Interview selwer z’organiséieren war änlech schwéier, als éischt krut eise Journalist eng Ofso, duerno eng Waardelëscht fir ee Kollektivinterview mat der internationaler Press, ma quasi a leschter Sekonn ass et em gelong, net just d’Buch fäerdeg ze liesen, ma och ee One on One Interview ze kréien, dank engem immens effikassen a sympatheschen Attaché de presse. Fir eng laang Geschicht kuerz ze halen: Den Interview huet stattfonnt – a wat d’Vicky Krieps iwwert hir Roll an der Verfilmung vu Love Me Tender, hir nei Produktiounsfirma Viktoria Productions an d’Absence vum neien Jim Jarmusch Film op der Croisette ze soen huet – dat lauschtere mer elo.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou

Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
headphones

15 min

play_arrow
De Screaming Fields 2026 - jonkt Geméis an der Rockhal

De Screaming Fields 2026 - jonkt Geméis an der Rockhal

De Screaming Fields ass de Rockhal hiren Nowuessconcours, bei deem all Joer e Grappvoll jonk Museksprojet'en e Schubs de Beirg erop kréien.
headphones

14 min

play_arrow
"Yesteryear": Vun der Tradwife-Fantasie an d'Realitéit vun 1855 | © Harpercollins.com

"Yesteryear": Vun der Tradwife-Fantasie an d'Realitéit vun 1855

Eng Buchrezensioun vum Emma Hizette
headphones

9 min

play_arrow
Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou | © Radio 100,7

Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou

Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
headphones

11 min

play_arrow
Mam Vëlo bis op Teheran | © Café du cycliste

Mam Vëlo bis op Teheran

Op dës Aventure huet sech d'Isabel Del Real agelooss.
headphones

8 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

10 min

play_arrow
Film vun der Woch: "Jim Queen"

Film vun der Woch: "Jim Queen"

E verréckte, radikale Film géint Homophobie, dee batter néideg ass an Zäite vu politescher Radikaliséierung.
headphones

12 min

play_arrow
"Famesick" vun der Lena Dunham

"Famesick" vun der Lena Dunham

Eng Buchrezensioun vum Claire Barthelemy
headphones

6 min

play_arrow
Song(e)s d'une nuit d'été | © Eric Engel

Song(e)s d'une nuit d'été

De Marc Clement an de Jeff Schinker iwwer d'EP-Release vun ENGLBRT am Gudde Wëllen
headphones

13 min

play_arrow
Ee Floumaart vun der Filmkultur | © Cineteca di Bologna

Ee Floumaart vun der Filmkultur

De Marc Trappendreher mat engem zweete Bäitrag iwwert den Cinema Ritrovato Festival zu Bologna.
headphones

6 min

play_arrow
La Concierge als Kuratorenteam fir di sechst Triennale Jeune Création

La Concierge als Kuratorenteam fir di sechst Triennale Jeune Création

An de Rotonde gi jonk Kënschtler dëse Summer op d’Sich nom Common Ground
headphones

14 min

play_arrow
(Net) gesi ginn: ee Bilan vum Monodrama an dräi Stécker

(Net) gesi ginn: ee Bilan vum Monodrama an dräi Stécker

D'Emma Hizette an de Jeff Schinker beschwätzen "Mise à jour", "Vania est vivant" an "Panopticon"
headphones

13 min

play_arrow

The Last of Us

Hält d'Serie, wat de Gaming-Erfolleg versprécht?
headphones

7 min

play_arrow
AWARE steet fir Archives of Women Artists Research and Exhibitions

AWARE steet fir Archives of Women Artists Research and Exhibitions

Lëtzebuerg ass op der digitaler Plattform AWARE ukomm
headphones

16 min

play_arrow
"Literatur huet als Funktioun, Mëssstänn opzeklären" | © Radio 100,7

"Literatur huet als Funktioun, Mëssstänn opzeklären"

D'Emma Hizette am Gespréich mam Ian De Toffoli
headphones

18 min

play_arrow
Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou | © Radio 100,7

Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou

Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
headphones

9 min

play_arrow
Screaming Fields - Blame Emeraude | © Instagram/blame.emeraude

Screaming Fields - Blame Emeraude

D'Blame Emeraude war d'Gewënnerin vun der Rockhal hirem Nowuessconcours, dem Screaming Fields, d'lescht Joer. Wat huet et bruecht?
headphones

14 min

play_arrow
Aus der Vergiessenheet opdauche loossen: De Cinemato ritrovato zu Bologna | © Cineteca di Bologna

Aus der Vergiessenheet opdauche loossen: De Cinemato ritrovato zu Bologna

De Festival zu Bologna éiert restauréiert Filmer a valoriséiert deels zu hirer Zäit invisibiliséiert Schauspiller:innen a Regisseuren a Regisseurinnen.
headphones

9 min

play_arrow
Film vun der Woch - "Backrooms"

Film vun der Woch - "Backrooms"

Net nëmmen deen éischte Kinodebut vun engem 20-järegen, mee och een iwwerraschende Boxoffice-Erfolleg an eng onstëllbare Quell vun Internet-Lore.
headphones

17 min

play_arrow
De Grand Prix de poésie Robert Ganzo 2026 fir d’Syrerin Maram al-Masri | © Albaida / Wikimedia Commons

De Grand Prix de poésie Robert Ganzo 2026 fir d’Syrerin Maram al-Masri

D’Maram al-Masri iwwer de Präis vun der Fräiheet
headphones

12 min

play_arrow