And the winner is...: Jil Lahr! De leschte Freiden ass d'Multi-Media Kënschtlerin an der Escher Konschthal mam Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, ausgezeechent ginn. Mat 12.500 Euro ass de LEAP ee vun den héchstdotéiertste Präisser fir visuell Konscht. D'Jil Lahr, Joergang 1991, lieft a schafft zënter hire Konschtstudien zu Hamburg. A Rauminstallatiounen übt si mat Molerei, Keramik, Fotoen an haaptsächlech gesammelten Alldagsobjeten eng satiresch Gesellschaftskritik.
D’Kerstin Thalau mat Impressioune vun der LEAP-Soirée 2025.